Radioen

On air

Grousse Kino  |  Prett fir en Tierchen?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ US-President Trump rechent deemnächst mat engem Handelsaccord mat China

Tariffpolitik vun den USA

US-President Trump rechent deemnächst mat engem Handelsaccord mat China

Den US-President Donald Trump confirméiert an engem Interview mam Time Magazine, datt hie mat sengem chineeseschen Homolog, dem Xi Jinping, an engem Telefonsgespréich iwwer d’Douanestaxen diskutéiert huet. Detailer iwwer den Inhalt vun dësem Gespréich wollt hien awer keng ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Samuel Corum - Pool via CNP
(Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Samuel Corum - Pool via CNP)

Den Donald Trump hat am Virfeld ugekënnegt, an den nächste Woche mat engem Accord a Saachen Handelskonflikt mat China ze rechnen.

D’Welthandelsorganisatioun wëll d’Douanestaxe géint China reevaluéieren

D’Welthandelsorganisatioun huet iwwerdeems gréng Luucht gi fir een Expertegrupp op d’Been ze stellen, deen d’Plainte vu Peking géint déi europäesch Douanestaxen op Elektroautoen, soll analyséieren. Et geet ëm Douanestaxen an der Héicht vu bis zu 35 Prozent, déi Bréissel op elektresch Autoen, déi a China produzéiert ginn, imposéiert huet. 

D’Welthandelsorganisatioun huet elo no enger zweeter Demande vu China decidéiert, d’Situatioun offiziell ze iwwerpréiwen.