Radioen

On air

Notturno  |  Trappers - Rainbow Coloured Stone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Summerzäit: Juncker-Versprieche weider "on hold"

ZÄITËMSTELLEN

Summerzäit: Juncker-Versprieche weider "on hold"

“Wir machen das": 2018 hat de Kommissiounschef Juncker versprach, datt d'Zäitëmstellung ofgeschaaft gëtt. Siwe Joer dono si mir nach ëmmer wäit dovun ewech. EU-Diplomate schwätze vun engem "doudegen Dossier".

auto_stories

4 min

headphones

6 min

© picture alliance | Christian Ohde play_arrow
(Foto: picture alliance | Christian Ohde)

E Samschdeg an der Nuecht ass et nees esou wäit: D’Auer gëtt gedréint. Do si verschiddener net frou - et ass nogewisen, datt eng Partie Leit gesondheetlech ënner der Zäitëmstellung leiden an et gëtt der dowéinst, déi sech wënschen, datt d’Auer net méi ëmgestallt gëtt.

D'Europäesch Unioun hat dat effektiv wëlles - an et gouf och konkret ee Versprieche vun engem Lëtzebuerger: Dem fréiere Kommissiounschef Jean-Claude Juncker.

Jean-Claude Juncker 2018: "Die Menschen wollen das, wir machen das"

2018 hat sech den deemolege Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker wäit aus der Fënster gehaangen a gesot, d'EU géif d’Zäitëmstellung ofschafen.

D'Diskussioun iwwert d'Zäitëmstellung ass een alen Hutt an der EU. D'Europaparlament hat schonn 2015 an 2016 scho Propose gemaach fir se ofzeschafen. Deemools huet d’Kommissioun awer ni ee Suivi gemaach.

D’Kommissioun Juncker hat awer eng aner Approche. Si huet eng ëffentlech Ëmfro bei EU Bierger lancéiert - an déi huet de Jean-Claude Juncker am August 2018 an engem Interview mam ZDF esou kommentéiert:

"Wir haben eine Umfrage, eine öffentliche Umfrage gemacht. Millionen haben geantwortet uns in der Auffassung, dass es so sein sollte, dass die Sommerzeit in Zukunft für alle Zeit gilt. Das wird so gemacht. Es macht ja keinen Sinn, Menschen zu fragen, was sie denken. Und dass man, wenn sie gedacht haben und sich ausgedrückt haben in einem Sinne, der einem passt oder nicht, dann so tut, als ob sie nichts zu Protokoll gegeben haben. Die Menschen wollen das, wir machen das."

Gouf d'Resultat vun der Emfro vun 2028 ignoréiert?

84 Prozent vun de Leit hate sech an där Ëmfro 2018 dofir ausgeschwat, datt d’Zäitëmstellen ofgeschaaft géif an d’Summerzäit sollt permanent agefouert ginn.

Allerdéngs war déi Ëmfro a verschiddener Hisiicht problematesch: Et war kee Sondage, mee een Opruff un d’Leit an der EU hir Meenung ze soen. Dorop hunn zwar effektiv 4,6 Millioune geäntwert. Dat sinn der zwar vill, mee et ass awer nëmmen ee Brochdeel vun den iwwer 500 Millioune Leit, déi an der EU wunnen.

Wat nach méi problematesch war: Zwee Drëttel vun de Leit, déi mat gemaach hunn, koumen aus Däitschland. Aus Italien oder Rumänien hate sech zum Beispill mol net ee Prozent vun der Bevëlkerung zu Wuert gemellt. Et konnt een also wierklech net soen, datt déi Ëmfro an iergendenger Form representativ war.

Firwat ass näischt aus der Propos vun der Kommissioun ginn?

D’Europäesch Kommissioun huet effektiv 2018 eng Propos op den Dësch geluecht, fir d’Zäitëmstellung ofzeschafen. D’Europaparlament war do och dofir.

Der Propos no sollten d’Länner decidéieren, wéi eng Zäit - also Summer- oder Wanterzäit - si wëlle bäibehalen.

Mee d’Länner si sech einfach net eens ginn: Déi eng wollte gären d’Summer- déi aner d’Wanterzäit. Et dierf een net vergiessen, datt d’Zäitëmstellung jee no Lag am Norden oder Süde ganz aner Konsequenzen huet.

Ass deemno d’Diskussioun elo ofgeschloss?

Den Ament gesäit et esou aus. Polen, wat jo am Ablack d’EU-Presidence huet, wollt een neien Ulaf huelen. Et gouf op d'mannst ee Minister, deen annoncéiert hat, datt d’Auer ënnert der polnescher Presidence déi leschte Kéier ëmgestallt gouf.

Mee informell huet et aus deene Kreesser gehéiert, et wier een doudegen Dossier an do géif wuel näischt bougéieren.

En Donneschdeg gouf der Kommissioun an enger Pressekonferenz déi Fro gestallt, ob et eppes Neies an där Saach géif. Dat huet am Sall eng "hilarité générale" ausgeléist. D’Spriecherin huet dat widderholl, wat am Fong all sechs Méint op déi nämmlecht Fro gesot gëtt: D'Kommissioun huet viru Joren eng Propose gemaach - et ass elo un de Memberlänner sech eens ze ginn. Si sot och, datt d’Kommissioun nach ëmmer dru gleeft, datt een Accord méiglech ass.

Lauschterenplay_arrow