Déi syresch Regierung sot, si hätt d‘Atomenergie-Agence de leschte Mount iwwer grouss Bestänn vun nuklearem Material informéiert an eng éischt Inspektioun méiglech gemaach.
De Chef vun der Agence, de Rafael Grossi, sot bei engem Besuch a Syrien, et géif sech ëm e puer Tonnen Nuklearmaterial handelen. Et misst elo séchergestallt ginn, datt dat Material net mëssbraucht gëtt.