arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ TANKLUX kritt ëmstridden Autorisatioun fir den Ausbau vun den Tanklager zu Mäertert

National

|
reading time

2 min

TANKLUX kritt ëmstridden Autorisatioun fir den Ausbau vun den Tanklager zu Mäertert

D'Tanklager vun der Firma TANKLUX, déi um Mäerterter Hafen ugesidelt ass, sollen ausgebaut ginn. Dat huet eis Buergermeeschtesch vu Gréiwemaacher Monique Hermes confirméiert. RTL hat dat fir d’éischt gemellt.

reading time

2 min

© Société du Port de Mertert / Copyright Schmitt-GlobalView
(Foto: Société du Port de Mertert / Copyright Schmitt-GlobalView)

Déi entspriechend Autorisatioune vum Aarbechtsministère a vun der Ëmweltverwaltung wier schonn e Méindeg virun enger Woch bei der Gemeng eragereecht ginn. Dora wieren och eng Partie Oploen festgehalen.

Tanklagerkapazitéit soll sech verduebelen 

D'Gemeng Gréiwemaacher wëllt sech weider géint den Ausbau vun den Tanklagere vun der Firma Tanklux am Hafe vu Mäertert wieren. Dat, nodeems de Projet elo gréng Luucht kritt huet. TANKLUX wëllt seng Lagerkapazitéit vu ronn 90.000 Kubikmeter op insgesamt 150.000 Kubikmeter erhéijen.

D'Buergermeeschtesch vu Gréiwemaacher, Monique Hermes, kritiséiert, datt esou en Ausbau an Zäite vun der Elektromobilitéit net ze rechtfäerdege wier. Donieft géif de Projet Sécherheetsrisike fir d'Awunner mat sech bréngen.

Déi nei Tanke géife just e puer honnert Meter vum Wunnquartier Op Flohr ewech leien. Och d'Gefor vu méiglechen Dronenattacke misst een an den Aen vun der Buergermeeschtesch berücksichtegen.

"Da gi mer op d'Geriicht"

D'Gemeng Gréiwemaacher wëllt elo e Recours géint d'Autorisatioun areechen an ass och bereet, viru Geriicht ze goen. 

„Mir ginn dogéint vir esou laang mer kënnen. Dat heescht, mir maachen elo e Recours gracieux, wou ech ganz sécher de ganze Gemengerot hanner mer hunn."

De Schäfferot kann am Fong och eleng ee  "recours gracieux" decidéieren. 

"A wa mer deen net unerkannt kréien, dann gi mer op d'Geriicht. Mir hunn also nach Méiglechkeeten.“

D'Monique Hermes betount, datt de Projet deemno nach net definitiv autoriséiert wier. E Freideg soll den Dossier nach eng Kéier am Gemengerot vu Gréiwemaacher thematiséiert ginn.

D'Gemeng hat sech schonn am Dezember d'lescht Joer eestëmmeg géint den Ausbau ausgeschwat. Donieft waren iwwer 300 Reklamatioune vu Bierger erakomm.

CO2-Ausstouss 

Den Ausbau vun de Pëtrol-Tanklager ass schonn zënter Joerzéngten an der Diskussioun. D'Gemenge ronderëm hu sech ëmmer nees géint den Ausbau gewiert -  ënner anerem wéinst Ëmweltschutzgrënn. 

Schonn am Joer 2017 huet sech den Herbert Schneider, deemolegen Buergermeeschter aus der däitscher Nopeschgemeng Temmels, am 100,7 Interview heizou geäussert.

D'Berechnungen vum den CO2-Emissioune vun der Anlag wieren net komplett. Dat, well d'Schëffsliwwerunge um Mäerterter Hafe just zu de Betribszäite vu 06:00 Auer moies bis 10:00 Auer owes erfaasst ginn.

D'Schëffer géifen awer dacks bis wäit an d'Nuecht hir Liwwerungen an den Tanklager oflueden.