Radioen

On air

Kultur um 5  |  Nei am Kino

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ TICE a Staat eenege sech op Iwwergangs-Konventioun fir 2025

Bussyndikat

TICE a Staat eenege sech op Iwwergangs-Konventioun fir 2025

De Staat an déi Responsabel vum TICE hunn eng Iwwergangs-Konventioun fir de Finanzement fir d‘Joer 2025 ënnerschriwwen. Dat deelt de Mobilitéitsministère mat. Déi soll sou laang daueren, bis eng nei pluriannuell Konventioun steet.

auto_stories

1 min

Foto: Wikimedia Commons

Zënter Méint scho verhandelen de Staat an den TICE iwwert sou eng nei Konventioun. D‘Gemengen hunn ëmmer méi Schwieregkeeten, fir déi ëmmer méi grouss Demande u Busverbindungen am Süde vum Land ze finanzéieren.

An de leschten 10 Joer hätten d‘Contributioune vum Staat fir den TICE sech bal verduebelt, heescht et am Communiqué, mee de Staat wier bereet, den TICE nach méi finanziell ze ënnerstëtzen. 

Als Conter-Partie hätt de Staat awer da gäre méi Matsproocherecht beim TICE. D‘Zukunft vum Bussyndikat am Süde wier op alle Fall assuréiert: D‘Aarbechtsplazen an den ëffentleche Statut vun de Mataarbechter wieren op alle Fall garantéiert.