arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Tame Impala – Deadbeat

Album vun der Woch

|
headphones

2 min

Tame Impala – Deadbeat

Den australesche Multi-Instrumentalist Kevin Parker, deen sech hannert dem Kënschtlernumm Tame Impala verstoppt, huet elo säi fënnefte Studio Album erausbruecht, mam Titel “Deadbeat”. Et ass een Internet-Meme, datt kee weess, datt et sech beim Projet Tame Impala ëm just eng Persoun handelt.

headphones

2 min

Den australesche Multi-Instrumentalist Kevin Parker, deen sech hannert dem Kënschtlernumm Tame Impala verstoppt, huet elo säi fënnefte Studio Album erausbruecht, mam Titel “Deadbeat”. Et ass een Internet-Meme, dass kee weess, dass et sech beim Projet Tame Impala ëm just eng Persoun handelt.

Dat kennt och net vun näischt: De Museker probéiert bei senge Produktiounen d’Musek esou klengen ze loossen, wei wann ee Grupp vu Leit doranner involvéiert wier an zesumme spillt. Och Live hëlt hie sech dacks eng Band mat op d’Bün, fir seng musikalesch Kompositiounen zum Liewen ze bréngen. 

"Deadbeat"

Bei dësem neien Album si mer textlech méi introspektiv wei mer dat soss vum Museker gewinnt sinn. Och den Titel vum Album mécht dorop Referenz. Et geet ëm den “Deadbeat”: Am engleschen huet dëst Wuert eng Rei negativ Konnotatiounen, wei e Papp deen net présent ass bei senge Kanner, e schlechte Partner oder een deen op der Schaff näischt nëtzt.

An all déi Ängscht ginn textlech op dësem Album vum Tame Impala verschafft: Hien ass viru kuerzem rëm Papp ginn, do kommen dann d’Ängscht vum Eltere sinn, mee och gëtt Teenagerzäit thematiséiert. De Kevin Parker wosst, wéi esou vill vun eis, net richteg wat maachen no der Schoul, mee normal schaffe goe war keng Optioun fir hien.

An hei gëtt Feeler maachen och als eppes Guddes verstanen an net als eppes Negatives: Mir musse Feeler maachen, fir eppes ze leieren. Mir sinn net déi wichtegst Persoun op dëser Welt: Wat fir eng Befreiung! Mir kënne Feeler maachen an eppes doraus leieren.

Sound

Och wa mir vum Sound hier nach ëmmer psychedelesch an dreemeresch sinn, fënnt een hei op bal all Song en “Four to the Floor” Beat, also den typeschen Techno-Beat. Dësen Album ass also och méi danzbar a méi no un engem Club-Record. Dowéinst verwonnert et och esou, datt déi gréisste Kritik déi iwwert den Album ze liesen ass: Den Tame Impala kléngt ze vill selwecht mee net esou gutt wei virdrunner.

Mir si villäicht an engem änleche Sound (a Museker:inne mussen net ëmmer rëm hire Sound nei erfanne fir eppes Cooles ze maachen), mee esou huet een den Tame Impala eigentlech nach ni héieren. 

D’Rad (respektiv d’Musek) gouf hei villäicht net nei erfonnt, den Album mécht awer extrem Spaass ze lauschteren, trotz de méi negativen Themen déi textlech behandelt ginn.