D’Geschicht vun The Black Keys hiren Ufanksjore kléngt scho bal romantesch. De Gittarist Dan Auerbach an Drummer Patrick Carney sinn an der gläicher Noperschaft opgewuess, a sinn an de selwechte Lycée an duerno souguer op déi nämmlecht Uni gaangen. Fir hiren Dram, fir vun der Musek liewen ze kënnen, ze erfëllen, hate si Allenzwee de Studium awer séier ofgebrach a sech un d’Wierk gemaach.
Gittarsriffer maachen nach ëmmer d'Musek aus
Hiren Debut “The Big Come Up” gouf Doheem am Keller op engem Kassetterekorder opgeholl. D’Resultat war ee knätschege, Bluesege Rock’n’ Roll Sound, deen zimmlech rau a minimalistesch ausgefall war. A sou goung et och weider. Well d’Suen alleguerte fir de Loyer drop goungen, konnte si sech kee Studio leeschten, a si beim stëbsege Keller bliwwen.
Obwuel The Black Keys dee mëttlerweil hannert sech gelooss hunn, maachen elo 23 Joer méi spéit déi schmasseg Gittarsriffer nach ëmmer wéi fréier de Kär vun hirer Musek aus.
"Sellout" fir an de professionelle Studio?
Mat stompegem DIY-Sound a purem Garage-Rock haten The Black Keys ee klenge Kult gestart. Se goufen an hire Kreesser immens geschätzt a mat gudde Kriticke gelueft. Trotz der zolitter Fanbasis gouf et awer mat de Sue knapp, an den Duo misst dat maachen, wat se bis dohin evitéiert haten. Hir Musek fir Reklamme lizenzéieren an domat de Konto fëllen. Datt Haut eng sëlleg fréier Fans hinne virwerfen “Sellouts” ze sinn, also datt hinnen de Portmonnie méi wichteg wier wär wéi déi eege Wäerter oder Emotiounen, ass dowéinst duerchaus eng legitim Kritik. Trotzdeem sinn d’Black Keys esou vum Keller an de professionelle Studio komm, an hunn elo 13 Albume méi spéit eng Rei Grammyen an der Täsch.
Den Duo huet also ee Rezept dat funktionéiert. Och wann hire Sound ëmmer méi glat gëtt, gëtt en net onbedéngt méi langweileg. Et schläicht sech nämlech ëmmer méi Jazz a poléiert Psychedelia mat an d’Wierk eran.
Heiansdo muss een op d'Zänn bäissen
Den Albumtitel “No Rain, No Flowers” ass eng Metapher, déi den Duo och op sech selwer bezitt. Ganz no dem Motto, datt et ouni schwiereg Zäite keng gutt Zäite géif ginn, an datt een heiansdo op d’Zänn bäisse muss. Den Dan Auerbach séngt zum Beispill um Titeltrack “There's evil people in this world / Live long enough, and you will be burned” oder “Baby, the damage is done / It won't be long 'til we're back in the sun”.
Duerchhale missten d’Black Keys virun allem ee Sträit mat hirem Management. Den Duo wier op eng “onrealistesch” Tour mat ze groussen Halen a klengem Public geschéckt ginn, erzielt den Drummer Patrick Carney dem Museksmagasinn Rolling Stone. Well si hire Manager blann vertraut hätten, wieren et finanziell Verloschter ginn. Duerch déi rechtfertegt de Batteur dann och hire Concert leschten Hierscht op “America Loves Crypto”, enger Serie vu kontroverse pro-krypto Evenementer. “Mir misste Leit bezuelen, a krute fir dee Concert vill Geld. Sou einfach ass et”, esou nach de Patrick Carney.
Behaaptungen, datt The Black Keys Opportuniste sinn, wäerten et der also och deemnächst net manner ginn.