Et kléngt wéi eng Platitude, mee et entsprécht där aktueller Realitéit: Mir liewen an ongewëssen Zäiten. Dat, wat haut nach esou ausgesäit, ka muer scho ganz anescht sinn. A wéi et iwwermuer weidergeet, ass bal onméiglech virauszesoen.
An där Situatioun kënnt de Comité de suivi tripartite haut um Dënschdeg zesumme fir driwwer ze diskutéieren, wéi et nom 31. Dezember dëst Joer soll weidergoen, wann déi staatlech Subsiden um Stroum, um Gas an op de verschiddene Pëtrolsprodukter ausgelaf sinn.
Dem STATEC fält d’Roll zou, Zuelen ze liwweren
An de leschte Jore wier et schwéier gewiescht Prognosen a Projektiounen opzestellen. Dat wéinst enger Successioun vu Krisen, "déi och ëmmer anescht waren", esou den Tom Haas. Dës hätt dozou gefouert, datt de STATEC seng Modeller an Analyse permanent misst upassen.
"Dat heescht, fir d'Previsionniste waren et spannend Zäiten, sinn et nach ëmmer spannend Zäiten."
Den aktuellen Zenario wier an deem Sënn net méi komplizéiert wéi déi virdrun. Mee et wier alt erëm eng Kéier eng Kris mat hire ganz eegene Gesetzer.
"Ech géif net soen, datt et haut méi schwéier ass, mee et ass einfach alt erëm eng Kéier eng Kris, déi speziell ass. Dat heescht, wou mir eeben och dann eis Analysen deementspriechend upasse mussen.”
Zwou Hypotheesen am Fréijoer: Keng ass agetraff
Fir d’Tripartite am Fréijoer hat de STATEC zwou Hypotheesen ausgeschafft: Déi eng ass vun engem kuerze Konflikt vu just e puer Wochen ausgaangen, déi aner huet op méi e laange Konflikt vun engem hallwe Joer gesat. Um Enn ass kee vun deenen zwee Zenarien agetratt.
Dozou géif et zwou Komponente ginn, seet den Tom Haas. Dat wieren eng Kéier d'Präishaussen, vun deenen een ausgaangen ass - déi wieren am Summer dëst Joer net esou schlëmm ausgefall wéi gefaart.
D'Dauer vum Krich am Noen Osten wier leider net esou temporär ausgefall, wéi deemools nach gehofft.
"Dat heescht, de kuerze Konflikt, deen hätt solle virum Summer eriwwer sinn."
D'Präisser op der Pompel hätte sech deemno och net erëm normaliséiert, wéi am éischten Zenario virgesinn. An och wat den Zenario Zwee ugeet huet den US-israeeleschen Ugrëffskrich op den Iran de Previsioune vum STATEC e Stréch duerch d'Rechnung gemaach.
An der Hypothees wier de Krich Enn September op en Enn gaangen an d'Präisser hätte sech bis Enn des Jores stabiliséiert. Och dee Fall ass net agetraff.
"Och dat ass net geschitt. Am Géigendeel, am September sinn d'Präisser staark geklomm. Net onbedéngt duerch ee Brentpräis, deen eropgaang ass, mee well Raffineriespräisser staark geklomm sinn a virun allem an deene leschte Wochen eeben och d'Käschte fir Pëtrolsproduiten ze liwweren."
Och 2027 nach Ongewëssheeten?
Deemno schéngt et, wéi wann een dës Ongewëssheet mat eriwwer an d’Joer 2027 géif huelen. Op d'Fro, wat dat fir d'Prognose vum Lëtzebuerger Statistikamt heescht, sot de STATEC-Direkter, datt een elo dovunner ausgeet, datt d'Präisser um Bensinn, Diesel a Mazout dauerhaft méi héich bléiwen.
"Mir sinn nach viru sechs Méint dovunner ausgaangen, datt dat een temporär, een transitoire Schock wier, deen dann eebe fort wier no e puer Méint"
Wann zu Lëtzebuerg iwwer Inflatioun geschwat gëtt, da geet et jo och ëmmer ëm Indextranchen. Am Ufank wier een nach dovunner ausgaangen, datt déi nächst Indextranche am zweeten Trimester 2027 erfält - voir souguer réischt am Drëtten no de relativ stabele Präisser am Summer.
Déi massiv Präishaussen elo am Hierscht géifen awer éischter drop hindéiten, datt déi nächst Indextranche schonn am éischten Trimester vum neie Joer declenchéiert kéint ginn. Dës wieren awer just Aschätzung betount den Tom Haas.
"Dat sinn awer alles Saachen, déi mer elo nach net ofschléissend kënne soen. Dat eenzegt, wat mer eeben observéiert hunn, dat ass eeben elo déi staark Präishausse am September. Mir waarden elo nach de Mount Oktober of an dann Ufank November wäerte mer eng nei Previsioun virstellen.”
STATEC liwwert aktualiséiert Zuele fir Comité de suivi tripartite
De STATEC wäert der Regierung an de Vertrieder vu Patronat a Gewerkschaften haut an dem Comité de suivi tripartite aktualiséiert Chiffere presentéieren. Dës baséieren sech op de Mount September - dee leschte Mount iwwer deen de STATEC Zuelen huet. Dës wéilt een elo a Relatioun mat de Previsiounen aus dem Juni-Accord setzen.
"An do ass et eeben esou, datt d'Summerméint jo méi favorabel war, dat heescht mir louchen ënnert der Trajectoire, déi mer nach ugeholl hunn an engem Zenario court. Am September, duerch déi staark Hausse, si mer awer elo erëm op där Trajectoire"
De Risiko ass, datt mer ab elo iwwer där Trajectoire leien, esou den Tom Haas. Den zweete Risiko wier, datt d'Präishaussen dat Ganzt d'nächst Joer méi héich ausfale wéi ugeholl.
Wärend den Tripartiteverhandlungen am Juni dëst Joer wier een nach dovun ausgaange, datt 2027 de Präis bei 70 Dollar de Brent géife leien. Am Moment wieren d'Previsioune fir d'nächst Joer liicht ënner 100 Euro bei 95, 96 Dollar, souwäit den Direkter vum STATEC, den Tom Haas.
De ganzen Interview kënnt Dir hei lauschteren.