Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Rejjie Snow - Peace to the World

play_arrow Live
search

/ Top-down-Deal ouni Garantië fir eng Brandmauer no riets

Europaparlament

Top-down-Deal ouni Garantië fir eng Brandmauer no riets

D’Parteispëtzte vun den dräi grousse pro-europäesch Fraktiounen am EU-Parlament hunn de Wee fräi gemaach fir eng nei EU-Kommissioun. Den Accord dierft fir Verschiddener schwéier ze akzeptéiere sinn.

auto_stories

6 min

headphones

6 min

play_arrow
D'Iratxe Garcia an de Manfred Weber. (Foto: European Union)

Um Mëttwochowend hunn déi zwou gréisste politesch Fraktiounen am Europaparlament hire Blocage opginn.

Déi Europäesch Vollekspartei an d’Sozialisten si sech zesumme mat de Liberalen eens ginn, fir d’Besetzung vun der neier Ekipp vun der Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen esou guttzeheeschen, wéi se um Ufank proposéiert gi war.

Déi 26 designéiert EU-Kommissären a - Kommissärinne waren an de leschte Wochen am Parlament gehéiert ginn. Dono awer gouf de Prozess, si ze evaluéieren, gestoppt. Et gouf Sträit iwwert e puer Kandidaten an doriwwer, ob een zu dräi iwwerhaapt nach an enger pro-europäescher Koalitioun funktionéiere géif.

Wouraus besteet den Accord, deen elo getraff gouf?

Am Fong besteet deen Accord ganz verkierzt gesot doran: Du léiss meng Kandidaten a Rou an ech deng. Et wollt ee verhënneren, datt eng Partei d’Kandidate vun där aner ofschéisst, also ass ee sech eens ginn, datt dee ganze Pak ugeholl gëtt.

D’Parlament huet um Enn alle 26 Kandidaten a Kandidatinnen ugeholl. Och den ëmstriddene EU-Kommissär fir d’Gesondheet, den Ungar Oliver Varhelyi, dee vum Viktor Orbán senger Regierung proposéiert gi war, krut gréng Luucht. D’Parlament freet just, datt säi Portefeuille e bësse gekierzt gëtt.

Wat huet den Ausschlag ginn, datt een sech op bemol eens gouf?

Wéi et heescht, hu sech do d’Memberlänner - also national Regierungen oder Regierungscheffen - op eemol agemëscht an Drock op Fraktiounsspëtzte gemaach. Rieds geet vum spuenesche Premier Pedro Sanchez, dee soll bei senger Parteikolleegin, der Cheffin vun de Sozialisten am Europaparlament, d’Iratxe Garcia Perez, agewierkt hunn, fir datt si no gëtt an ee sech eens gëtt.

Et war och allgemeng eng Stëmmung, datt et géing presséieren, datt déi nei Kommissioun misst séier kënnen ufänke mat schaffen. Dat och wéinst engem Donald Trump, dee geschwënn an d’Wäisst Haus plënnert.

Wien huet um Enn noginn?

Am Fong alleguerten, mee vläicht net jiddereen d’nämmlecht vill.

D’Europäesch Vollekspartei hat jo de Sträit ugefaangen an deems si sot, si géif d’Spuenierin Teresa Ribera, eng Sozialistin, net akzeptéieren. Deeler vun der EVP reprochéieren hir, datt si d’Kris ronderëm d’Iwwerschwemmungen doheem a Spuenien, wou si den Ament Ministerin fir déi ekologesch Transitioun ass, net gutt geréiert huet.

D’Sozialisten hu sech virun allem dogéint gestäipt, datt den Italieener Raffaele Fitto, als Member vun der italiéinescher postfaschistescher Partei Fratelli d’Italia, op deem héije Poste vun engem Vizepresident gutt geheescht gëtt.

An deene Punkten hu béid Säiten noginn.  

Virun allem fir d’Sozialiste war et awer och wichteg, vun der konservativer EVP eng Garantie ze kréien, datt si nach Deel vun där pro-europäescher Koalitioun sinn. Si si rosen, well d’EVP e puer Mol zesumme mat rietsen a riets-extreme Fraktiounen ofgestëmmt huet. Esou eng Garantie krute si elo awer net. Et gouf ee Pabeier, eng Zort Koalitiounsaccord, ënnerschriwwen, deen allerdéngs zimmlech allgemeng gehalen ass.

Wat steet dann an deem Koalitiounsaccord?

An deem Text ginn op zwou Säiten déi politesch Linnen aus dem politesche Programm, deen d’Ursula von der Leyen am Juli presentéiert hat, nach eng Kéier festgehalen.

Allianze mat rietse Parteie ginn an deem Text net explizit ausgeschloss.

Déi dräi Parteie verflichte sech zwar, an där nächster Legislaturperiod zesummenzeschaffen. Als Basis vun enger Kooperatioun ginn de Respekt vum Rechtsstaat, eng pro-Ukrain- an eng pro-europäesch Approche genannt.

Mee dat si Prinzippien, déi fir d’EVP duerchaus och vu verschiddene Parteie vum rietse Bord agehale ginn. Eng Garantie, datt si net méi zesumme mat deene Parteien ofstëmme wäerten, gëtt et also net.  

Wat och muss gesot ginn ass, datt deen Deal net contraignant fir iergend eng Säit ass.

Wéi gesäit et mat der Basis aus? Gëtt deen Deal vu jidderengem mat gedroen?

Bei der Europäescher Vollekspartei an de Liberale kann een dovun ausgoen, datt dat de Fall ass.

Anescht gesäit dat allerdéngs bei de Sozialisten aus.

Vill vun hinnen haten nach no enger Reunioun gëschter Mëtteg gesot, si géifen un deene virdru genannte roude Linne festhalen.

Dat trëfft och op deen eenzege Lëtzebuerger, de Marc Angel, zou. Um Mëttwochowend wollt hie sech net äusseren, et wier nach villes net kloer, sou den LSAP-Europadeputéierten.

Vill Membere vun där Fraktioun wosste bis zum Schluss näischt vun deem Accord. Et hat een d’Impressioun, et géif eng gewëss Onzefriddenheet mat deem ginn, wéi d’Cheffin d’Irtaxe Garcia Perez dat Ganzt gehandhaabt huet.

Déi franséisch Sozialisten hu schonn annoncéiert, datt si géint d’Ursula von der Leyen stëmmen. Déi däitsch SPD-Europadeputéiert wollte sech nach net festleeën. Hire Chef, de René Ripasi, huet vu "grossen Kröten" geschwat, déi een hei schlécke misst. 

Kann d’Kommissiounscheffin sécher sinn, datt si eng Majoritéit beim Vott an der Plenière kritt?

Déi nächst Woch, e Mëttwoch, stëmmt dat ganzt Europaparlament mat senge 720 Europadeputéiert iwwert déi nei Kommissioun of.

Nieft Deeler vun de Sozialiste wäerte méiglecherweis déi Gréng, sou wéi sech dat ofzeechent, géint déi Kommissioun stëmmen. Si waren och aus där Koalitioun vun Ufank ausgeschloss. An éischte Reaktiounen hu si kritiséiert, datt deen Exercice, eenzel Kommissären am Europaparlament op hir Kompetenzen ze iwwerpréiwen, zu engem politesche Muechtspill verkomm ass.

D’Tilly Metz, Lëtzebuerger Europadeputéiert vun deene Gréngen, huet virun allem de Faite, datt elo effektiv mam Raffaele Fitto ee Vertrieder vun der Extrême Droit een héije Posten an der Kommissioun kritt, als eng rout Linn bezeechent. Déi Gréng hu wëlles, e Méindeg ze decidéieren, wéi si ofstëmme wäerten.

Et ass awer dovun auszegoen, datt dës Kéier Deeler vun der riets-konservativer Fraktioun vun den “Europäesche Konservativen a Reformer”, an där de Lëtzebuerger ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser Member ass, fir d’Ekipp von der Leyen stëmme wäerten.

Deemno ass et éischter warscheinlech, datt et duergeet fir eng Majoritéit fir der Ursula von der Leyen hir nei Ekipp. Geplangt ass, datt déi dann den 1. Dezember mat hirer Aarbecht ufänkt. 

Lauschterenplay_arrow

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.