arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Traffo huet Feier gefaangen: Stroumversuergung zu Iernster ass ënnerbrach

Lokal

|
reading time

1 min

Traffo huet Feier gefaangen: Stroumversuergung zu Iernster ass ënnerbrach

Zu Iernster, an der Gemeng Nidderaanwen, gëtt et den Ament kee Stroum, nodeems een Transformator op der Haaptstrooss zu Iernster an der Mëttesstonn Feier gefaangen an aus Sécherheetsgrënn vum Reseau misst geholl ginn. Dat mellt d‘Creos.

reading time

1 min

© Chris Meisch
(Foto: Chris Meisch)

D‘Feier wier séier ënner Kontroll a geläscht gewiescht. Firwat et ausgebrach ass, ass fir den Ament net gewosst. Et géif eng intern Analys lafen. Creos geet dowun aus, datt de Stroum géint 8 Auer den Owend erëm géif funktionnéieren.

D‘Gas-Statioun beim Transformator wier iwwerdeems net vum Virfall betraff. 

Et wiere gréisser Aarbechten néideg, fir d'Stroumleitung ze flécken, esou Creos op eis Nofro hin.