Déi nei Direktesch huet virdrun ënner anerem am kanadesche Verteidegungsministère a bei der kanadescher Ambassade an den USA geschafft.
D‘Logistik- a Beschafungsagence vun der NATO, der hiren Haaptsëtz zu Capellen ass, koordinéiert den Akaf an déi logistesch Ënnerstëtzung vun der Militärallianz. D‘Agence hätt hire Geschäftsvolume an de leschte fënnef Joer méi wéi verdräifacht, heescht et am Communiqué.