Deemno hätt déi endgülteg Unzuel u Participantë keng Konsequenzen op de geplangte Produktiounsbudget an de finanzielle Bäitrag vun der EBU un den ORF, den éisträichesche Sender an Organisateur vun der nächster Editioun.
Gëschter um Donneschdeg hunn no der Confirmatioun, datt Israel weider um Concours dierf deelhuelen, Spuenien, Holland, Irland a Slowenien ugekënnegt, net méi matmaachen ze wëllen.
Spuenie gehéiert zu de sougenannten "Big 5" an domat zu de gréisste Contributeure vum Eurovision Song Contest.