Zënter dem 10. Abrëll 2025 gëtt et am Grand-Duché eng Ouverture a Saachen Adoptiounsrecht. Net nëmme bestuete Persounen, mee och gepacste Koppelen an Eenzelpersoune kënnen zanterdeem eng Demande maachen, fir ee Kand ze adoptéieren.
Virun der Reform war dat nëmme fir bestuete Koppele méiglech. Mee och scho fir zum Beispill Lëtzebuerger Residentë mat der Nationalitéit aus engem Land, dat Celibatairen a Gepacsten eng Adoptioun erlaabt, war dat méiglech, erkläert d’Suzette Nies, zoustänneg fir de Service Adoption vum Educatiounsministère.
"Dat war fir mech ëmmer schwiereg fir de Leit ze erklären, wann ech dann eng franséisch Celibataire niewent enger lëtzebuergescher Celibataire sëtzen hat, an déi eng hunn dierfe weiderfueren an déi aner, där misst ech soen, datt d'Gesetzgebung dat nach net géif erlaben. Dat ass jo elo Gott säi Dank opgehuewen."
Eng gréisser Reform - op d’mannst um Pabeier
Um Terrain bleift et trotz der Ouverture ee laange Wee bis bei d’Adoptioun, wat verschidde Grënn huet. Haaptsächlech bleift d’Schwieregkeet bestoe vun de Contrainten an de Partnerlänner. Och wann et zu Lëtzebuerg mëttlerweil legal ass, eleng oder gepacst e Kand ze adoptéieren, erlaabt d’Gesetz vun de meeschten Hierkonftslänner, mat deenen de Service Adoption zesummeschafft, dat nach ëmmer net.
Deementspriechend wieren engem do nach ëmmer d’Hänn gebonnen, well bal all d'Länner, aus deene Kanner adoptéiert kënne ginn, dëst nëmme fir bestuete Koppelen erlaben.
"Et ass esou, datt mir net vill Hierkonftslänner hunn, déi eis erlaben, en Dossier vun engem Celibataire ze schécken. Dat geet a Bulgarien, dat geet a Portugal, mee dat sinn zimmlech déi eenzeg Länner, wou eis d'Méiglechkeet iwwerhaapt gi fir en Dossier ze schécken."
Adoptioun vu Kanner aus Lëtzebuerg ganz rar
Ee Kand aus Lëtzebuerg ze adoptéiere wier méiglech, mee hei am Grand-Duché géifen nëmmen immens wéineg Kanner dofir iwwerhaapt a Fro kommen, esou d’Suzette Nies. D'Statistike wiere kloer.
"Datt mir net vill Kanner hunn, déi eng national Adoptioun brauchen. Mir hunn am Prinzip beim Accouchement anonym Kanner, déi eng Adoptioun brauchen."
Do wier et ganz schwiereg ze soen, wéini déi Kanner op d'Welt kommen.
"Mir hate Joren, wou et der sechs waren. Déi lescht puer Jore war et elo esou, datt mir bal keng haten. Do ass eng ganz laang Waardezäit, éier een esou ee Kand kann adoptéieren."
Nach ëmmer hätt et Celibatairen an net-bestuete Koppele ginn, déi sech fir eng Adoptioun interesséiert hätten. D’Suzette Nies hätt hinnen deemools erkläert, datt wann d’Gesetz bis kéim, datt si déi éischt Informatiounsphas da schonn hanner sech hätten.
Prozedure gi seele bis zum Schluss duerchgezunn
Mee och mat der Gesetzesännerung géife vill Interesséierter d’Prozedur no den Informatiounsgespréicher an der éischter Preparatiounsphas ofbriechen, well hinne wärend der méi konkreeter Evaluatioun vill Hürde géife begéinen.
"Mir hunn elo 2025 15 Celibatairen, déi sech bei eis gemellt hunn. 2026 sinn et der bis elo 12, déi ugemellt si fir eis Coursen oder se schonn hanner sech hunn."
Kee vun deenen hätt déi zweet Etapp ugefaangen.
"Déi meescht hunn entweeder direkt no deenen Informatiounsowender opgehalen, respektiv hunn dee ganze Cycle de préparation fäerdeggemaach a sinn duerno awer nach net weidergaangen."
Zënter dem neie Gesetz hätt och nach keng gepacste Koppel d’Prozedur kënne ganz duerchzéien. Bei de Celibatairë wier et änlech.
"Elo hu mir grad nach zwou Dammen, déi nach eng Adoptioun am Lafen hunn. Do ass déi eng, do ass den Dossier 2018-2019 an d'Hierkonftsland geschéckt ginn an deen aneren 2019-2020. Do hu mir nach ëmmer kee Matching proposéiert kritt."
Conseil un Demandeuren: Sech awer bestueden
Och bei den Demandë fir een éischt Informatiounsgespréich hätten d’Zuelen zënter dem neie Gesetz net wierklech evaluéiert, weder bei de Celibatairen nach bei de gepacste Persounen. Och d'Zuele vun der Croix-Rouge géifen dat weisen.
"Se hat do beispillsweis 2025 dräi Koppelen, déi net bestuet waren, déi sech bei hinne gemellt hate fir Informatiounsgespréicher. 2026 waren et der zwou."
D’Servicer vum Service Adoption, déi de Moment um Terrain schaffen an d’Evaluatioune maachen, géife weider drop bestoen, datt d’Demandeuren sech bestueden, well et aneschters eigentlech kaum méiglech wier fir tatsächlech e Kand kënnen ze adoptéieren, esou nach d’Suzette Nies.