D‘Aktivitéit am Handwierksecteur wier och am zweeten Trimester weider fragil, esou d‘Chambre des Métiers an hirer Konjunkturnott.17 Prozent vun de Betriber hätten uginn, datt hir Aktivitéiten sech verschlechtert hätten. Just 11,6 Prozent stellen eng Verbesserung am zweeten Trimester fest.
Negativspiral am Bausecteur
Besonnesch de Bausecteur kënnt net esou richteg aus den negativer Entwécklungen eraus. Schonn zënter 2023 schreift de Secteure roud Zuelen. Wat dozou féiert, datt ëmmer méi Bauentreprise mat finanzielle Probleemer ze kämpfen hätten.
Datt de Secteur sech net erkritt wier en Gros op déi héich Kredit-Käschten an déi déif Investissementer am Logements-Secteur zréckzeféieren. Grad beim Neibau feelt et u Keefer. D'Effekter vun de staatlech Mesurë fir de Secteuren ze relancéiere wieren um Terrain nach net ze spieren, esou de Bilan vun der Chambre des Métiers.
Wirtschaft an Europa dréint insgesamt schwaach
Déi rezent Evolutioun zu Lëtzebuerg géifen sech mat deenen an Europa décken. Lëtzebuerg wier iwwerdeems staark ofhängeg der europäescher Konjunktur, déi den Ament och méi lues dréint. Déi héich Loun- a Produktiounskäschten hei am Land géifen den Entreprisë weider zousetzen.