arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz klorem Plang: Bouneweger Lycée wäert fir d'Rentrée keng Classique-Klass kréien

Educatioun

|
reading time

3 min

headphones

14 min

play_arrow

Trotz klorem Plang: Bouneweger Lycée wäert fir d'Rentrée keng Classique-Klass kréien

No der Summervakanz sollt am Bouneweger Lycée, dem fréieren LTB, eigentlech och eng Classique-Klass an den aktuell technesche Lycée kommen. Dozou wäert et awer elo net kommen. Dofir schéngt et och een Haaptgrond ze ginn, wéi den Direkter Mike Borschette am 100,7-Interview erkläert.

reading time

3 min

headphones

14 min

play_arrow
Mike Borschette | © Radio 100,7
Mike Borschette (Foto: Radio 100,7)

Eng Classique-Klass hätt een an de BLL (Bouneweger Lycée Lëtzebuerg) integréiere wëllen, ganz einfach, well de Besoin dofir an der Stad do wier, esou den Direkter vum Lycée, de Mike Borschette. Nodeems e puer Kanner hire Wonschchoix bei der Lycéeswiel net kruten, goufe si an de BLL orientéiert.

Dat huet bei ville Schüler:innen, mee haaptsächlech bei den Elteren, eng Onzefriddenheet ausgeléist, déi fir de Mike Borschette deelweis ze wäit gaangen ass.

"D'Eltere sinn awer dann immens zeréckhalend oder souguer heiansdo e bësschen, ech wëll elo net soe frech, mee et geet an déi Richtung, fir ze soen, firwat si op kee Fall wéilte bei eis kommen (...). Dat war wierklech net schéi fir eist Personal, well do awer deen een oder aneren do awer scho Kriticken huet missen astiechen, déi net wierklech zoulässeg sinn."

De BLL huet nach ëmmer e schlechte Ruff

Och wann een de Bouneweger Lycée géif probéieren an en neit Zäitalter ze féieren an e "bësschen opzepeppen", hätt de Lycée leider nach ëmmer e schlechte Ruff, seet de Mike Borschette.

"D'Elteren hunn awer nach e bëssche Saachen am Kapp vun deemools, och vun deelweis enger schlechter Press iwwer eis Schoul, well do deen een oder anere klenge Virfall war, déi awer elo scho laang hier sinn."

Domat gemengt ass ënner anerem e Video vun engem Gewaltvirfall virun engem décke Joer an eng Messerpickerei. Béi béide Fäll ware Schüler:innen aus dem BLL involvéiert. Den Direkter betount awer, datt béid Fäll net um Schoulcampus stattfonnt hätten a scho länger zeréckléichen.

Dobäi kéim dann och nach de Quartier.

"Mir sinn an engem Quartier, deen ëmmer erëm a Verruff geroden ass oder geréit. Dat ass Bouneweg, wou mir awer dofir stinn. (...) A soubal eppes Klenges mat Bouneweg ass, da fält dat oft op eis Schoul zeréck, wat ganz, ganz schlecht ass oder net gutt fir eis gutt Aarbechten, déi mir do maachen."

Kee Schüler méi fir de Classique iwwereg 

D’Enn vum Lidd ass, datt vill Schüler:innen iergendwéi nach en anere Lycée fonnt hunn, wou si léiwer ënnerkoume wéi am BLL. De Mike Borschette bedauert dat, och wann een de Schüler:inne gehollef huet hir Wënsch ze erfëllen.

"Wann déi éischt Elteren d'Propos kruten oder d'Offer kruten en anere Lycée kënnen ze fannen, wollt op eemol jiddwereen iergendwéi. A mir hunn eis där Saach do net entgéintgestallt. Mir hunn eng Hand mat ugepaakt."

Den Direkter ass doriwwer enttäuscht. Schliisslech hätt ee bei hinnen am Haus och eng ganz gutt Beschoulung.

De Classique ass net vum Dësch

Trotz där éischter schlechter Erfarung, wat de Classique fir dëst Joer ugeet, wëllt de Mike Borschette dee Plang nach net opginn. De Besoin wier dofir och absolutt do. D’Lycéeën um Geesseknäppche beispillsweis hätten och net onendlech Plaz.

Wéini een elo en neien Ulaf an där Richtung starte wëllt, ass nach net kloer.

"Ech hunn eng Iddi am Kapp. Ech hu mir elo mol gesot, mir hunn nach e grousse Projet, dat do war e grousse Projet, mir hunn nach en anere grousse Projet, deen direkt hanner eiser Hausdier ass, dat ass eist neit Gebai."

2030 soll dat neit Gebai opgoen. Da wéilt een de Projet Classique och nees lancéieren. Wann dat awer virdru méiglech wier, géif ee sech deem awer och net partout verschléissen, esou nach de BLL-Direkter Mike Borschette.

 

play_arrow Lauschteren