arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UNICEF warnt virun Hongerdoud vun enger Millioun Kanner am Afghanistan

Afghanistan

|
reading time

1 min

UNICEF warnt virun Hongerdoud vun enger Millioun Kanner am Afghanistan

Am Afghanistan riskéieren eng Millioun Kanner un Ënnerernärung ze stierwe wann hinnen net séier gehollef gëtt, warnt d‘UNICEF. Am Ganze wieren iwwer dräi Millioune Kanner am Land ausgezehrt. 14 Milliounen Afghane géifen akut un Honger leiden.

reading time

1 min

© EPA/QUDRATULLAH RAZWAN
(Foto: EPA/QUDRATULLAH RAZWAN)

Grond wieren déi déidlech Äerdbiewen d‘lescht Joer, e puer Klima-Katastrophen dëst Joer an de Retour iwwer déi lescht Jore vu Milliounen Afghanen aus dem Iran an dem Pakistan.

Den Ernärungsprogramm vun der UNICEF am Afghanistan brauch dëst Joer ronn 180 Milliounen Dollar. Den Ament wieren awer nëmmen ee Fënneftel esouvill Suen zesummekomm, esou d‘Organisatioun.