An den nächsten Deeg misst deemno kloer sinn, ob een en Accord fënnt oder net. Mir hunn nach aner Prioritéiten, esou de Rubio virun der press. Den amerikanesche President Trump hätt deemno 87 Deeg domadder verbruecht no Léisungen ze sichen. Sengen Émissairen hätt hien 100 Deeg ginn. D‘Iddien déi Frankräich, England an Däitschland bei den Diskussioune virgeschloen hätte wiere ganz nëtzlech a konstruktiv, sou de Rubio.
Verschäerfte Konditioune fir de Mineraliendeal
Et gi weider Efforte fir de Mineraliendeal tëschent den USA an der Ukrain ofzeschléissen. D‘nächst Woch soll den ukrainesche Premier Denys Chmygal fir Verhandlungen op Washington fléien. Vun ukrainescher Säit heescht et, datt de Schmygal den US-amerikanesche Finanzminister Scott Bessent soll treffen. D‘Verhandlunge solle bis de 26. Abrëll ofgeschloss sinn. D‘USA haten d‘Konditioune vum Kontrakt an enger zweeter Versioun däitlech verschäerft.
US-amerikanesch Konzerner sollten deemno déi komplett Kontroll iwwer des Mineralie kréien als Géigeleeschtung fir US-amerikanesch Waffeliwwerungen.