Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - Look At You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ US-Ausseminister dreet mat Enn fir US-Friddensverhandlungen

Ukrain-Gespréicher zu Paräis

US-Ausseminister dreet mat Enn fir US-Friddensverhandlungen

D‘USA kéinten sech aus de Friddensverhandlunge fir d‘Ukrain zeréck zéie wann d‘Diskussioune weider keng Resultater bréngen, dat sot haut den amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio.

auto_stories

1 min

Marco Rubio | © picture alliance / Consolidated News Photos | Oliver Contreras - Pool via CNP
Marco Rubio (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Oliver Contreras - Pool via CNP)

An den nächsten Deeg misst deemno kloer sinn, ob een en Accord fënnt oder net. Mir hunn nach aner Prioritéiten, esou de Rubio virun der press. Den amerikanesche President Trump hätt deemno 87 Deeg domadder verbruecht no Léisungen ze sichen. Sengen Émissairen hätt hien 100 Deeg ginn. D‘Iddien déi Frankräich, England an Däitschland bei den Diskussioune virgeschloen hätte wiere ganz nëtzlech a konstruktiv, sou de Rubio.   

Verschäerfte Konditioune fir de Mineraliendeal

Et gi weider Efforte fir de Mineraliendeal tëschent den USA an der Ukrain ofzeschléissen. D‘nächst Woch soll den ukrainesche Premier Denys Chmygal fir Verhandlungen op Washington fléien. Vun ukrainescher Säit heescht et, datt de Schmygal den US-amerikanesche Finanzminister Scott Bessent soll treffen. D‘Verhandlunge solle bis de 26. Abrëll ofgeschloss sinn. D‘USA haten d‘Konditioune vum Kontrakt an enger zweeter Versioun däitlech verschäerft. 

US-amerikanesch Konzerner sollten deemno déi komplett Kontroll iwwer des Mineralie kréien als Géigeleeschtung fir US-amerikanesch Waffeliwwerungen.