Dëse Vott gouf just méiglech, well véier Republikaner zesumme mat den Demokrate gestëmmt hunn. Och wann d‘Resolutioun nach duerch de Kongress géif kommen, kéint den Donald Trump nach ëmmer säi Veeto aleeën.
Erënnerungen un de Vietnamkrich
D‘Demokrate wëlle mat dëser Resolutioun de Konflikt mam Iran op en Enn bréngen. Si beruffen sech dobäi op déi sougenannt "War Power resolution", déi fir d‘lescht 1973 als Reaktioun op de Vietnam-Krich ugewant gouf.
D‘Resolutioun gesäit also fir, datt den US-President nëmmen nach wärend 60 Deeg ouni den Accord vum Kongress militäresch Operatiounen duerchféiere kann.