Radioen

On air

Concert  |  Kammermusek fir den Ouschterbrunch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA an Iran eenege sech, fir Gespréicher virunzeféieren

Iraneschen Atomprogramm

USA an Iran eenege sech, fir Gespréicher virunzeféieren

D‘USA an den Iran wëllen d‘nächst Woch wieder iwwer den iraneschen Atomprogramm schwätzen. Dat hu béid Länner no éischten indirekte Gespréicher gëschter am Oman mat gedeelt.

auto_stories

1 min

Wat dobäi eraus koum gouf net mat gedeelt. Béid Länner hu vu konstruktive Gespréicher geschwat. 

D‘USA waren 2018, wéi den Donald Trump och scho President war, aus dem internationalen nuklearen Accord mam Iran eraus geklommen. Washington huet duerno nees ekonomesch Sanktioune géint den Iran ageféiert. 

D‘USA an aner Länner geheien dem Iran vir, säin Atomprogramm net just fir zivil Zwecker wëllen ze benotzen, mee och fir Atombommen ze bauen. Den Iran ass an enger Wirtschaftskris a fuerdert, am Kader vun de Gespréicher mat Washington, datt déi amerikanesch Sanktiounen nees opgehuewe ginn. D‘USA fuerdere Garantien, datt den Iran keng Atomwaffen entwéckelt.