Radioen

On air

Notturno  |  Michael Kiwanuka - Home Again

play_arrow Live
search

/ Ukrainkrich: Prett sinn, wann de Waffestëllstand kënnt

Koalitioun vun de Wëllegen

Ukrainkrich: Prett sinn, wann de Waffestëllstand kënnt

Déi sougenannt Koalitioun vun de Wëllege preparéiert sech op en eventuellt Enn vum Krich an der Ukrain. Gëschter um Donneschdeg waren d'Verteidegungsministere beieneen, dorënner och d'Yuriko Backes. Och op Lëtzebuerg wäerten an deem Fall Aufgaben duerkommen. Wéi eng genee, dat ass awer nach net gewosst.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© Direction de la défense via X play_arrow
(Foto: Direction de la défense via X)

Iwwer de Krich an der Ukrain a en eventuelle Waffestëllstand ass net vill geschwat ginn an de leschten Deeg. D'Diskussiounen iwwer d'US-Taxe waren ze vill dominant. Nach ass et esou, datt de Konflikt um Terrain natierlech weidergaangen ass, an datt trotzdeem an de Kulissen den "Après-Krich" amgaangen ass virbereet ze ginn.

Yuriko Backes: Lëtzebuerg wëllt zu enger Koalitioun bäidroen

Gëschter um Donneschdeg war zu Bréissel eng Reunioun vun der sougenannter Koalitioun vun de Wëllegen, eng éischte Kéier um Niveau vun de Verteidegungsministeren. Fir Lëtzebuerg war d'Yuriko Backes op der Reunioun. Do hätt ee gespiert, datt et an där Koalitioun e staarke Wëlle gëtt prett ze sinn, soubal et zu engem Waffestëllstand kënnt, esou d'Ministerin am 100,7-Interview.

"Et war eng Diskussioun, déi jo och scho virbereet war um Niveau Militär. Dat heescht, hei ass eng Planification militaire amgaangen. Et steet awer elo keen ausgeschafften, detailléierte Programm. Dofir si mer och haut zesummekomm, wou d'Länner dann och konnten e bësse soen, wat si kéinte contribuéieren ënner eebe verschiddene Konditiounen."

Och Lëtzebuerg wäert contribuéieren. Do léisst d’Verteidegungsministesch Yuriko Backes keen Zweiwel drun. A wéi enger Form eis Land sech kéint bedeelegen, wier awer nach net kloer. Dëst géing och aktuell innerhalb vun der Regierung diskutéiert ginn. Dat wier an anere Länner net anescht, huet d'Yuriko Backes betount.

"Do gëtt och nach weider mat Amerika geschwat a koordinéiert. Och d'Koordinatioun mat der NATO ass wichteg. Lëtzebuerg wëllt zu enger Koalitioun bäidroen. A le moment venu, wann dat och alles gekläert ass, da wäert d'Regierung eng Decisioun huelen, an dat natierlech zesumme mat der Chamber."

Koordinatioun mat den USA "essenziell"

Zu der Koalitioun vun de Wëllege gehéieren 33 Länner, mee net nëmmen aus Europa. Si gëtt vun England a Frankräich ugeféiert a versteet sech als Äntwert op d'Opfuerderung vun den Amerikaner, selwer méi fir hir eege Sécherheet an d'Sécherheet virun hirer Hausdier ze maachen. Dat huet och d'DP-Ministerin nach emol ënnerstrach.

"Europa muss weisen, datt mir och prett sinn, d'Sécherheet op eisem Kontinent an d'Hand ze huelen. Dat ass och dat, wat d'Amerikaner eis soen. Ech mengen, dat ass wichteg, datt mir och dorops hi schaffen. An an deem Kontext muss een och déi Koalitioun gesinn, datt wa mir bis e Waffestëllstand hunn, datt aus deem da wierklech och een dauerhafte Fridde gëtt."

D'Amerikaner gehéieren net zu der "Coalition of the Willing". D'Koordinatioun mat den USA wier awer "essenziell", sot d'Yuriko Backes nach no enger Reunioun vun de Verteidegungsministere vun där Koalitioun zu Bréissel. 

Lauschterenplay_arrow