Donieft däerf de Roberto Traversini wärend fënnef Joer keen ëffentlecht Amt ausüben.
D'Urteel bleift domat ënner der Fuerderung vum Parquet. Deen hat nämlech am Januar a sengem Requisitoire eng Prisongsstrof vu véier Joer mat Sursis, eng ugemoosse Geldstrof an ënner anerem e Verbuet vu 5 Joer, fir ëffentlech Funktiounen auszeüben, fir de Roberto Traversini verlaangt.
Keen ëffentlecht Amt méi, also och keng aktiv Politik
An enger éischter Reaktioun huet de Me Rosario Grasso, Affekot vum Roberto Traversini, positiv ervirgehuewen, datt d’Riichteren d’Prisongsstrof op de gesetzlech virgesinne Minimum fixéiert hätten. Allerdéngs wäre si wuel net op dee vun him gefuerderte Fräisproch agaangen, wat d’Fälschung ugeet, sot de Me Grasso.
"Dir hutt jo och héieren: Et sinn eng Rei Faiten, fir déi de Fräisproch gesprach ginn ass. An do musse mer kucken, wat fir eng Faite sinn dat? Well d'Geriicht huet vu les infractions non établies geschwat. Da gi mer dovun aus, datt et der puer sinn."
Zum Verbuet vu fënnef Joer, fir en ëffentlecht Mandat auszeüben, spréch fir ënner anerem kënne gewielt ze ginn, sot den Affekot vum Roberto Traversini.
"Den Här Traversini ass jo gefrot gi vun de Riichteren, ob en nach eng Kéier wëlles hätt, dat ze maachen: En huet gesot Neen."
Op een Appell geet, ass nach onkloer
Woubäi dat am Verlaf vum Prozess bei engem zweeten Nofroen net méi sou kloer war. Egal wéi wëll de Me Grasso d’Urteel elo a Rou analyséieren, fir ze kucken, ob Appell gemaach gëtt oder net, an...
"Fir ze kucken, ob ech entweder nieft der Plack loung oder ob vläicht d'Geriicht eng Decisioun geholl huet, déi een eventuell kéint duerch en Appell ëmänneren."
De Me Pietropaolo, Affekot vun der Liewenspartnerin vum Roberto Traversini, huet bedauert, datt d’Geldstrof fir seng Cliente relativ héich ausgefall ass.
"Dat hätt och en direkten Impakt op d'Situatioun vun der Madamm, um Niveau vum Casier, an dat ass dat Argument, dat mer och plädéiert haten um Niveau vun der Peine, dat hei awer wichteg ass ze analyséieren."
Bei verschiddene Strofe kéim et automatesch zu engem Aschreiwen an de Casier, an dës Strof géif dat a sengen Aen implizéieren, sou de Me Pietropaolo. Den Impakt dovu wär a Betruecht ze zéie bei der Decisioun iwwer en Appell géint dëst Urteel. Vu béiden Affekote gouf et deemno keng kloer Ausso dozou.