Den Educatiounsminister Claude Meisch huet rezent eng Rei Mesurë presentéiert, déi den Enseignantë beim Ëmgang mat verhalensopfällege Kanner, oder Kanner mat Léierschwieregkeeten, ënner d’Äerm gräife sollen.
Iwwerrascht huet d’Reaktioun vun der Enseignantsgewerkschaft SEW/OGBL, déi d’Initiativ vum DP-Minister begréisst huet. Ee Grond dofir ass, well si vun Ufank u mat agebonne gewiescht wieren, seet d’Presidentin vum SEW/OGBL, d’Joëlle Damé, am 100,7-Interview.
Eng Belaaschtung fir all Betraffenen
Am Januar hätt een éischt Gespréicher gehat. Elo, no der Ouschtervakanz, gesäit ee sech nees mam Minister, fir iwwer déi konkreet Ëmsetzung vun de Mesuren ze diskutéieren. Och d’Schoule goufe mat agebonnen.
Si betount, datt déi grouss Iwwerschrëft vun de Mesuren zwar d’Inklusioun ass, mee virun allem déi verhalensopfälleg Kanner cibléiert sinn. Dat grousst Zil ass et, deene Kanner ze hëllefen, an d’Personal ze entlaaschten.
“Et belaascht d’Enseignanten. Et belaascht d’Kanner an d’Elteren, dat ganzt psychoedukatiivt Personal. D’Praxis wäert elo weisen, ob d’Mesuren och entlaaschten.”
Aggressiounen am Klassesall
D’Wuert Inklusioun géing “alles an näischt” bedeiten, seet d’Joëlle Damé. Wichteg wier et dofir, déi konkreet Fäll beim Numm ze nennen.
An ëmmer méi Schoule ginn et schwéier verhalensopfälleg Kanner, déi aggressiv si vis à vis vu sech selwer, mee natierlech och vis à vis vun anere Kanner an dem Personal.
“Déi schmäisse mat Still. Si bäissen, jäizen, schloen.”
Bis elo hätt een als Schoul net déi néideg Handlungsfäegkeete gehat, preziséiert d’Joëlle Damé, fir dorop ze reagéieren. Si betount, datt et deene Kanner schlecht geet, genau esou wéi den Erwuessenen, déi mat hinnen ze dinn hunn. Ëmmer méi Schoulpersonal géing dowéinter krank ginn.
Blo Plaze beim Léierpersonal: Beruffsrisiko?
Wärend dem Unterrecht sinn dës Kanner dacks net opnamefäeg, erkläert d’Presidentin vum SEW/OGBL. Dat mécht d’Ënnerriichten an der Klass onméiglech. Do géing een aktuell mat de Moyenen u seng Grenze stoussen.
Dofir gesinn d’Mesuren elo vir, eng national gülteg Kriseprozedur op d’Been ze stellen, datt esou Fäll iwwerhaapt mol gemellt ginn.
“Bis elo sinn esou Fäll dacks ënner den Teppech gekiert ginn. Oder et koum d’Réckmeldung vum Superieur: Et soll ee keng opféieren. Op e puer blo Plaze kéim et net un, dat wier Beruffsrisiko.”
Och am Cycle 1 ass eng zweet Persoun, déi virgesinn ass, fir den Enseignant ze ënnerstëtzen. Dat wier “méi wéi noutwenneg”, seet d’Joëlle Damé.
De Personalmangel wier och net de grousse Problem, esou d’Léierin. Wéinst der aktueller Situatioun géingen awer vill Leit de Beruff verloossen, virun allem Educateuren. Den Haaptproblem léich awer um System, well bis ewell eben net all Fall gemellt ginn ass.
“Verschidde Saache sinn net seriö geholl ginn.”
3 Deeg aus der Klass: "Eng Gratwanderung"
Elo soll d’Léierpersonal d’Méiglechkeet kréien, wann et zu ganz schlëmme Situatioune kënnt, Schüler:inne fir bis zu 3 Deeg aus der Klass rauszehuelen. Dat war eng Propositioun vum Ministère.
Et wier awer eng Gratwanderung, seet d’Joëlle Damé, well all Kand d’Recht op d’Bildung huet. Mee d’Personal hätt och d’Recht op eng sécher Aarbechtsplaz.
Dës Mesure kéim och wéi eng Strof riwwer. An deem Kader betount d’Joëlle Damé nach eng Kéier: “Kanner déi schloen, bäissen a jäize si per se keng béiss Kanner. Deene Kanner geet et richteg schlecht.”éier
Léierpersonal muss nees kënne kloer Zeeche setzen
Par conter kéint een esou en Zeeche setzen, well wat bis elo feelt wier, datt d’Léierpersonal keng kloer Grenze kéint zéien.
“Dato wier op d’mannst een Zeechen, dat ee kéint setzen, fir akut Geforesituatioune fir e puer Deeg ze besäitegen.”
Wat mat deene Schüler:inne geschitt, wa si 3 Deeg doheem sinn, soll no der Vakanz mam Minister gekläert ginn.
Allgemeng wieren d’Mesuren nach all “ganz oppe” gehal, seet d’Presidentin vum SEW/OGBL. Et wieren Denkustéiss, déi – esou hofft d’Joëlle Damé – d’Situatioun an de Schoulen nees verbessere kënnen.