Tëschent 2010 an 2023 hat de Mann ronn 180.000 Euro vum CDMH verontreit. De Bedruch war Enn 2023 opgeflunn, wéi d’Paie vun de Mataarbechter:inne vum Zenter op eemol net méi konnte bezuelt ginn.
De "Centre de documentation sur les migrations humaines" hat viru ronn dräi Joer Plainte géint säi fréiere President gemaach. D’Diddelenger Gemeng an de Kulturministère, déi den CDMH finanziell ënnerstëtzen, haten d’Faiten iwwerdeems denoncéiert.
Beschëllegten huet Suen zeréckginn
De Beschëllegten huet an der Tëschenzäit déi ganz Zomm, déi hien ënnerschloen hat, zeréck iwwerwisen. Am Ganzen hat hien eben eng 180.000 Euro verontreit, an net 120.000 Euro, wéi am Ufank geduecht.
Wéi d’Affär opgeflu war, hat den Ex-President d’Faiten direkt zouginn, vu sengem Posten demissionéiert a sech och selwer denoncéiert. De Mann hat sech a senger Funktioun eng boer Finanzreserv geschaf.
Wéi Enn 2023 d’Paien net méi konnte bezuelt ginn, haten d’Diddelenger Gemeng an de Kulturministère Fongen zur Verfügung gestallt, fir datt d’Mataarbechter vum CDMH hir Sue kréichen.
"Deal" tëschent Parquet an Ugeklotem
Fir eng weider Geriichtsaffär ze evitéieren, huet den Affekot vum “Centre de documentation sur les migrations humaines” ugekënnegt, datt hie vum Beschëllegte ronn 2.200 Euro froe wäert: Déi Zomm géif sech aus den Affekotskäschten engersäits, an dem moralesche Schued vum CDMH anerersäits zesummesetzen.
D’Prozedur vum Jugement sur accord, déi hei gewielt gouf, ass eng Strofrechtsprozedur, déi eng Negociatioun tëschent dem Parquet an enger beschëllegter Persoun erméiglecht. Déi zwou Säiten eenege sech um Enn op d’Unerkenne vun enger Strofdot an op d’Strof, déi dat no sech zitt.
D’Urteel an dëser Affär ass fir de 26. November.