Am ECG kënnt engersäits eng Sektioun "Affaires économiques" bäi, bei där den Entreprenariat am Fokus steet, mee och eng Sektioun "Data literacy": hei gi Spezialisten an digitaler Dateveraarbechtung ausgebilt.
Iwwerdeems gëtt d'Educateursformatioun vun der nächster Rentrée un och op Franséisch ugebueden, an zwar an der ENAD um Belval. Dat huet den Educatiounsministère matgedeelt.