Russland stellt als Conditioun, datt Sanktiounen am Bankesecteur an am Handel mat russesche Liewensmëttel an Dünger opgehuewe ginn. D'USA hu Russland dobäi Hëllef ugebueden. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet awer betount, een Ophiewe vu Sanktioune géint Russland wier net akzeptabel.
"Koalitioun vun de Wëllegen"
De Selenskyj gëtt um Mëttwochowend um 18 Auer vum franséische President Emmanuel Macron zu Paräis empfaangen. D'Treffen ass eng Virbereedung op de Sommet vun der sougenannter "Koalitioun vun de Wëllegen“. Den Emmanuel Macron huet EU- an NATO-Memberlänner invitéiert, déi d'Ukrain ënnerstëtzen.
Ënner der Leedung vu Frankräich a Groussbritannie schaffen si zënter Wochen un engem Konzept fir der Ukrain, am Fall vun engem Waffestëllstand, Sécherheetsgarantien ze ginn. Dozou gehéieren och eventuell Friddenstruppen. Dat Konzept soll muer um Donneschdeg finaliséiert ginn.