Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 59-järege Mann no der Kollisioun tëschent zwee Schëffer festgeholl ginn

Groussbritannien

59-järege Mann no der Kollisioun tëschent zwee Schëffer festgeholl ginn

Mei wei 24 Stonnen no der Kollisioun vun zwee Schëffer an der Nordséi huet d’brittesch Regierung elo mei Detailer erausginn. Een 59-Joer ale Mann ass festgeholl ginn. Wéi genau dës Kollisioun awer konnt geschéien, a wat d’Konsequenze fir d’Ëmwelt sinn, ass nach ëmmer net gewosst.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Containerschëff | © picture alliance / imageBROKER | Dieter Mahlke play_arrow
Containerschëff (Foto: picture alliance / imageBROKER | Dieter Mahlke)

Een 59-järege Mann wier an Zesummenhang mat der Kollisioun gëschter um Méindeg tëscht zwee Schëffer an der Nordséi festgeholl ginn, mellt d‘BBC mat Verweis op d‘Police. Dat wéinst Verdacht op Homicide involontaire wéinst graver Fahrlässegkeet. Eng kriminell Enquête wier opgemaach ginn. Weider Detailer feelen awer nach.

Keen Natriumcyanid gelueden

E grousst Lach ass op der Säit vum US-Tanker Stena Immaculate ze gesinn. De Pëtrolstanker war ronn 16 Kilometer virun der englescher Küst vun East Yorkshire geankert, wei gëschter um Méindegmoien um 9:47 Auer Lokalzäit e portugisescht Cargoschëff dra gerannt ass. Haut um Dënschdeg ass d’Feier um Tanker geläscht. Mee d’Cargoschëff, wat Solong heescht, brennt allerdéngs nach ëmmer, an drift elo Richtung Süden. 

Berichter, datt et Natriumcyanid gelueden hätt, huet d'Regierung lo awer dementéiert ginn. Den US-Tanker hat awer 220.000 Barrel  Kerosin gelueden. Dat si knapp 35 Millioune Liter.

Wéi schlëmm d’Ëmweltkatastroph ass, kann nach net ageschat ginn, sou de Mike Kane, de Minister fir Loftfaart, maritim Affären a Sécherheet.

"Mir mussen als éischt d’Feier um Solong läschen. An wann dat gemaach ass, kënne mir weider kucken a wéi eng Richtung d’Verschmotzung drift, wann et déi gëtt. An wa mir dat bis wëssen, da kënne mir all eis Moyen asetzen, fir dogéint virzegoen."

Een Doudegen ass confirméiert

Confirméiert huet de Minister, datt ee Member vum Equipage vum Solong elo fir dout erkläert gouf, an huet am Numm vun der Regierung säi Bäileed ausgedréckt.

Wéi et zur Kollisioun komme konnt ass awer nach ëmmer net gewosst. D’Regierung géing awer net vun engem Verbriechen ausgoen.

Et gouf elo eng Sperrzon vun engem Kilometer ronderëm déi zwee verongléckt Schëffer ausgeruff, sou datt de maritimmen Trafick ka weidergoen. Gläichzäiteg ass d’Yorkshire Küst een doheem fir vill verschidde Vullenzorten, déi sech do virun der Brutzäit sammelen. Hëllefsorganisatioune soten, si wiere prett, fir de verletzten Deieren ze hëllefen, déi wuel deemnächst un d’Ufer ugespullt ginn.

Lauschterenplay_arrow