arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virun der Tripartite: "De Luc Frieden ka sech net erlaben, keen Accord ze fannen"

Politik

|
reading time

5 min

headphones

17 min

play_arrow

Virun der Tripartite: "De Luc Frieden ka sech net erlaben, keen Accord ze fannen"

Wat ass sech ze erwaarde vun de Verhandlungen tëschent Regierung, Patronat a Gewerkschaften, déi haut uginn? An enger klenger Journalisteronn hu mir mat der Nadine Schartz vum Wort an dem Pol Reuter vu Reporter.lu. de Point virun der Tripartite gemaach.

reading time

5 min

headphones

17 min

play_arrow
De Pol Reuter an d'Nadine Schartz | © Jo Diseviscourt
De Pol Reuter an d'Nadine Schartz (Foto: Jo Diseviscourt)

No vill Gestreits setzen d’Regierung, d’Patronat an d’Gewerkschaften elo un engem Dësch. Dat mat engem Zil: E gemeinsamen Accord ze fanne fir Stéit an Entreprisen en Vue vun der Energiekris ze entlaaschten.

Grousse Moossnamepak ass quasi ausgeschloss

Mee wéi realistesch ass et iwwerhaapt, datt et zu engem Accord kënnt? D’Nadine Schartz, Journalistin vum Luxemburger Wort, mengt am 100,7-Journalistegespréich, datt en Deelaccord méi realistesch ass.

“Et wäert kee Moossnamepak ginn. Dofir ginn d’Meenungen an d’Fuerderungen ze wäit auserneen.”

D’Gewerkschaften hate jo schonn dës lescht der Regierung e Moossnamepak vun 13 Säite presentéiert. Do sinn och vill Saachen enthalen, déi näischt mat der Energiekris ze dinn hunn.

Et gëtt Konfliktpotential

Dobäi gouf schonn am Virfeld kloer, datt d’Regierung, d’Patronat an och d’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP just iwwer d’Energiekris a seng Konsequenze wëllen diskutéieren.

Konfliktpotential ass also do. Där Meenung ass och de Pol Reuter vu Reporter.lu. Ausléiser kéint och den Ordre du jour sinn, deen net genee festgeluecht gouf.

“Et hätt ee sech kéinten erwaarden, datt de Luc Frieden eng méi kloer Linn virgëtt. Och well hien elo méi Virlaf hat. (...) Do wäert et zu engem Konflikt kommen.”

Déi zwee Journaliste si sech am 100,7-Interview awer eens: Eng Logementskris wäert op dëser Tripartite net geléist ginn.

Wéi diskussiounsbereet sinn d'Gewerkschaften?

D’Fro, déi sech also stellt: Wëllen d’Gewerkschaften dat mat sech maache loossen? Enger Tripartite bäiwunnen, ouni iwwer de Mindestloun ze diskutéieren, zum Beispill?

E weideren No-Go fir OGBL an LCGB ass den Index, un deem näischt geännert dierf ginn. Dat huet de Premier allerdéngs wuel och net vir. Dofir wier den Drock op de Luc Frieden och vill ze héicht, mengt de Pol Reuter.

Hie ka sech awer virstellen, datt d’Gewerkschafte Konzessioune maachen, wa beispillsweis kloer ass, datt d’Kollektivverträg weider gestäerkt wäerte ginn.

Récktrëttsfuerderungen als méiglech Konsequenz?

Fir d’Nadine Schartz ass iwwerdeems kloer, datt et haart Diskussioune wäerte ginn, déi sech eventuell iwwer e puer Wochen zéie wäerten. Esouwuel fir d’Gewerkschaften, wéi awer och fir de Premier, ass dës Tripartite eng Bewärungsprouf.

“Wa keen Accord fonnt gëtt, da kann et sinn, datt si méi a Richtung Récktrëtt vum Luc Frieden ginn. Dat ass net ausgeschloss.”

Zwar wier och en Aarbechtsminister Marc Spautz dacks kritiséiert ginn, seet d’Nadine Schartz. Um Enn fält awer alles op de Premier zeréck.

Dofir wäert et eventuell eng laang Tripartite ginn, well de Premier verhandele wëllt, bis en Accord do ass.

Eng Chance fir de Xavier Bettel?

De Pol Reuter mierkt awer och un, datt eng Tripartite an enger gewësser Hisiicht och ëmmer "Theater" ass, respektiv e "politesche Storytelling".

“Déi leschte Kéier souz ee bis spéit an d’Nuecht zesummen, well ee bis zum Schluss en Accord wollt fannen.”

Et soll gewise ginn, datt een alles versicht fir en Accord ze fannen, esou de Journalist vu Reporter.lu. Et dierft een nëmmen net den Androck vermëttelen, déi Verhandlungen ze fréi "torpedéieren" ze wëllen.

Dobäi kommen dem Luc Frieden seng schlecht Sondagewäerter, déi den Drock erhéijen. An awer och den Drock vum Koalitiounspartner DP, deen ëffentlech zouginn huet, datt eng Tripartite néideg wier.

Esou Verhandlunge géingen dem Xavier Bettel och nees eng Méiglechkeet ginn, sech op Käschte vum Luc Frieden ze profiléieren. Gleeft een dat, wat hanner de Kulisse geschwat gouf, da war et och schonn hien, dee bei der leschter Sozialronn d’Rudder am Grapp hat.

Unzeeche vu Schwächt

Den Elefant am Raum bleiwen awer d’Staatsfinanzen. Op déi kënnt et nämlech un, wann d’Regierung Mesurë wëllt decidéieren. De Pol Reuter mengt, datt et der Regierung hir Tendenz ass, de Spillraum vun de Finanzen als "onendlech" ze gesinn, well et kann ee jo ëmmer Scholde maachen.

Wat awer kloer ass: D’Tripartite wäert deier ginn, well de Luc Frieden ka sech net erlaben, keen Accord ze fannen.

Datt de Premier geschwächt ass, huet sech och bei der Ried zur Lag vun der Natioun scho gewisen, seet de Pol Reuter.

“Et gëtt e gudde Grond, firwat datt do keng grouss Annoncë gemaach goufen. Mesuren, déi normalerweis am Etat de la nation géingen annoncéiert ginn, ginn elo am Kader vun der Tripartite annoncéiert. Zum Beispill e Koup Energiemesuren.”

Dës Approche géing weisen, wéi geschwächt de Premier ass.

Verschidde Mesurë maachen zu all Ament Sënn

Wéinstens um Punkt vun den Energiemesurë kéint ee sech relativ einfach eens ginn, mengt d’Nadine Schartz. Mee och si gesäit e Risiko beim Finanzement vun der Tripartite.

“D’Steierreform, déi wäert duerchgedréckt ginn. Dat ass kloer. Den Aarmutsplang kascht vill Suen. Et muss ee kucken, wou een dat Lach um Enn fëllt.”

Mee ass elo iwwerhaapt de richtegen Zäitpunkt fir Mesurë géint d’Energiekris ze treffen, mam Wëssen datt d’Situatioun enorm imprevisibel ass?

Et géinge verschidde Mesurë ginn, déi zu all Ament sënnvoll sinn, mengt de Pol Reuter. Dat si Moossnamen, déi näischt konkreet mat der Energiekris ze dinn hunn, déi Lëtzebuerg fir d’Zukunft awer méi resilient maachen. Aner Mesuren, wéi zum Beispill e Spritpräisideckel, wier méi volatil, kéinten awer och ëmmer nees reajustéiert ginn.

Keng Summervakanz, keen Drock?

Wéi laang d’Tripartite dauere wäert, do si sech béid Journalisten och net sécher. Fir d’Nadine Schartz kënnt et drop un, wie wéi vill Wäin a säi Waasser schëdde wëllt.

Wéinstens ass keng Summervakanz an Aussiicht: Déi hat bei der leschter Sozialronn dozou geféiert, datt déi concernéiert Acteure sech op emol awer séier eens goufen.

play_arrow Lauschteren