Den Ordre de Mérite ass zejoert fir de 75. Anniversaire vun der Schumann-Erklärung agefouert ginn, an ass haut eng éischte Kéier iwwerreecht ginn.
Ënner de Laureaten ass nieft der Lëtzebuergescher Politikerin och déi fréier däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel, de fréiere polnesche President Lech Wałęsa oder och de Wolfgang Schüssel fréieren ÖVP-Bundeskanzler an Éisträich. Den ukrainesche President Wlodymyr Selenskjy ass och mam Uerder ausgezeechent ginn. Hie war per Video zougeschalt.
Roaming, Mobilitéit bannent Europa an der Welt
D’CSV-Politikerin ass virun allem dofir bekannt, datt 2017 ënner hir als EU-Kommissärin d’Roamingkäschten bannent der EU ofgeschaaft gi sinn. D’Lëtzebuergerin gouf dann och ënner anerem dofir ausgezeechent. Am 100,7-Interview huet si erkläert, datt et sech dobäi ëm ee ganz spezielle Moment gehandelt huet, an deem Europa gräifbar gouf.
"Et ass eng geschicht, déi all Mënsch verstanen huet, well all Mënsch jo mat sengem Handy iwwer d'Grenz gaangen ass an dat an der Täsch gespuert huet. Et war eppes fir Studenten, fir Aarbechter, fir Reesender, fir einfach Leit, déi an d'Vakanz gaange sinn."
D'Allgemengheet hätt et gespuert, obwuel Politik dacks net esou direkt bei de Leit géif ukommen.
"Dofir ass et méi schwéier fir déi grouss Politik zu Versteesdemech ze bréngen, wéi eppes wéi de Roaming, wat all Mënsch betraff huet."
Dernieft gouf am Laudatio, der Eiere-Ried, hir Roll als Vize-Presidentin vun der europäescher Kommissioun ernimmt, genee ewéi hiren Déngscht a Punkto Studente-Mobilitéit. D’Viviane Reding huet den Erasmus-Mundus incitéiert, deen et Studenten erméiglecht, un engem Echange an der ganzer Welt deelzehuelen.
D’Lëtzebuergerin sot an hirer Ried, datt si als Presidentin vun der Petitiouns-Kommissioun op vill Problemer bannent der EU opmierksam gemaach gi wier. Si hätt doropshin hir politesch Kapazitéite genotzt fir dës Obstakelen aus dem Wee ze raumen.
"Frou an houfreg, Europäer ze sinn"
D’Viviane Reding huet och hier Heemechtsland - als ee vun de Grënnungslänner vun der Europäescher Unioun – als e Facteur genannt, dee si influenzéiert hätt. Esou wéi de lëtzebuergesche Politiker Pierre Werner, dee Virreider war wat d’Aféierung vun enger europäescher Wärung ugeet.
D’EU wier dat beschte gewiescht, war eisem Kontinent geschéie konnt, esou d’Viviane Reding.
"Ech si frou an houfreg en Europäer ze sinn".
Europa wier eppes, wat net vun haut op muer geschitt. Vill méi wieren et lauter Elementer, déi am Bau sinn, esou d'Vivane Reding am 100,7-Interview. Et dierft een ni ophalen ze bauen, soss géif dat Ganzt zesummefalen, esou den Appell.
Viviane Reding gouf fir de Präis vum Premier a vum Chamberpresident proposéiert
D’Viviane Reding war iwwer 20 Joer an der europäescher Politik aktiv. Si war vun 1999 bis 2014 dräimol als EU-Kommissärin zu Bréissel. Donieft war si Europa-Deputéiert an och fir d’CSV zu Lëtzebuerg an der Chamber.
De Premier Luc Frieden an de Chamber-President Claude Wiseler hunn hir Parteikolleegin fir dëse Präis proposéiert.
Memberlänner an och d’europäesch Parlament oder d‘Kommissioun konnte bekannte Perséinlechkeet, Politiker:innen oder och Wëssenschaftler:inne fir dësen Uerder virschloen. E Comité decidéiert duerno, wien ausgezeechent gëtt.
D’EU-Parlamentspresidentin Roberta Metsola an d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen hunn d’Medailen haut an der Plenière verginn.
Verbindungen tëschent Ost a West
Déi fréier däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel ass fir hier Roll am Traité vu Lissabon geéiert ginn an dem d’EU-Memberlänner sech op eng gemeinsam Verfassung gëeenegt hunn. Grad esou wéi fir hire Verdéngscht, Brécken tëschent Ost- a West-Europa gebaut ze hunn.
De fréiere polnesche President Lech Walesa ass fir säin Asaz a Polen ënner dem kommunistesche Regime geéiert ginn. An dofir, Pole fir den EU-Bäitrëtt virbereet ze hunn.
Net just Politiker:inne si geéiert ginn
Et goufen net nëmme Politiker:innen ausgezeechent. Och déi ukrainesch Mënscherechtsaktivistin Oleksandra Matviichuk war ënner de Laureaten. Europa géif sech net iwwer seng Geographie definéieren, mee iwwer seng Wäerter, esou d’Affekotin an Aktivistin. D’Ukrain géif den Ament den héchste Präis fir d‘Sécherheet an der EU bezuelen. E Stuerm wier ënnerwee an Europa misst weiderhi fir Fridden an Demokratie astoen.
Och d’Rockband U2 ënner dem Sänger Bono, grad esou wéi de griichesche Basketballspiller Giannis Antetokounmpo goufe mat engem Ordre de mérite ausgezeechent ginn.
Lauschtert hei den Interview mam Viviane Reding am Moiesstudio