Vun de 34 Policekommissariater am Land funktionéieren der de Moment 13 ronderëm d’Auer. Mat deem op der Stater Gare an deem zu Ettelbréck wäert dës Zuel also an den nächste Méint op 15 vu 34 Kommissariater klammen.
D’Personal vun de 34 Policekommissariater wier an de leschten dräi Joer ëm 10 Prozent op eng ronn 900 Leit geklommen, esou den Inneminister a senger Äntwert op Froe vum Deputéierte vun der Piratepartei Marc Goergen. Dem Léon Gloden no, wier et noutwendeg nach weider ze rekrutéieren, fir ënner anerem d’Belaaschtung vun de Beamten ze reduzéieren.
Projet vu lokaler Police gëtt erweidert
Bei der ganzer Police waren op den 1. Januar 3.241 Beamten agestallt, dorënner 736 Beamten am Zivilkader. Bei der Kriminalpolice géifen elo 54 Leit méi schaffen, wéi am November 2023. Dorënner wiere Spezialisten a Spezialistinnen an der Cyber- a Finanzkriminalitéit.
An de véier Police-Regioune géifen zu all Auerzäit däitlech méi wéi véier Polizisten a Polizistinnen am Déngscht vun de Bierger:inne schaffen, bestätegt de Minister Léon Gloden. Hie confirméiert och, datt de Projet vun der lokaler Police deemnächst soll erweidert ginn.