Den Ëmweltminister huet an der Chamber och nei Mesuren annoncéiert, dorënner eng Hausse vun de Primmen déi d‘Bauere kënne kréien, wa se op hire Fläche Sträife fräi loossen, fir datt manner Dünger a Pestiziden an d‘Waasser kënnt.
Deadline wäert net erreecht ginn
Bei der Interpellatioun an der Chamber, op Initiative vun der grénger Deputéiert Joëlle Welfring, waren d‘Deputéiert sech eens: Lëtzebuerg ass wäit ewech vum Zil vun der EU-Waasserschutz-Kader-Direktive. Well nach ëmmer ass keen eenzegt Uewerflächegewässer hei am Land an engem gudden Zoustand. Den Ëmweltminister Serge Wilmes huet an der Chamber zouginn:
“(...) Effektiv déi aktuell Deadline, déi mer anzehalen hunn, nämlech bis 27, fir eis Baachen a Flëss an de gudden Zoustand ze bréngen. Nee, déi wäerte mer net erreechen. Dat ass ganz kloer.”
D‘Joëlle Welfring huet dat op e Manktem u politeschem Wëllen zréckgeféiert.
“De Waasserschutz soll verbessert ginn, mee ouni weider Reegelen an ouni weider Mëttelen. Dat ass eng bewosst politesch Decisioun.”
Privatbesëtz e Problem fir d’Renaturéierung
De Serge Wilmes ass domat net d‘Accord. Et géife Mesuren ëmgesat ginn. Stéchwuert: Renaturéierung vun de Flëss an de Renaturéierunsgdësch.
Den David Wagner, Deputéierte vun déi Lénk, huet do op d‘Problematik higewisen, datt d‘Renaturéierung dacks scheitere géif, well déi néideg Terrainen a Privatbesëtz sinn.
“Am Géigesaz zu Frankräich, wou de Staat, Gemengen oder Flossyndikater op privatem Terrain Renaturéierungen am ëffentlechen Interesse duerchféiere kënnen, och géint de Wëlle vum Proprietär, feelt esou en Instrument zu Lëtzebuerg komplett.”
Bei der Fro, ob esou e Gesetz och zu Lëtzebuerg komme kéint, huet de Serge Wilmes op lafend Gespréicher tëschent allen Acteuren higewisen. Méi kloer war de Minister bei de Primme fir Baueren déi op hire Fläche Sträife fräi loossen a se net bewirtschaften, fir datt manner Dünger a Pestiziden an d‘Waasser kënnt. Déi Subside gi gehéicht, esou de Serge Wilmes.
“D'nächst Woch huele mer de Règlement grand-ducal un, wou d'Biodiversitéitsprimmen grad fir d'Uwännersträife wäerten an d'Luucht gesat ginn a wou wäerten d'Landwirte méi Hëllef kréien, méi Sue kréien.”
Ëm wéi vill déi Primme solle gehéicht gi sot de Serge Wilmes net. Fir déi finanziell Strof ze verhënneren, déi Lëtzebuerg d‘nächst Joer wéinst net-Anhale vun der EU-Waasserschutz-Direktiv riskéiert, wier d‘Regierung an Diskussioune mat der EU-Kommissioun, och iwwert Mesuren, déi an dee véierten nationale Waasserbewirtschaftsplang mat afléisse sollen.
“Dat ass e Moyen, fir datt mer net da mussen direkt an eng Fraktiounsprozedur goen, wou eis herno eng Strof, eng finanziell Strof bléit. An déi Diskussioune lafe respektiv déi wäerten am Hierscht warscheinlech dann e politeschen Ofschloss fannen.”
Iwwer dee véierte Waasserbewirtschaftsplang sollen dëst Joer Gespréicher mat der Populatioun an eng Enquête publique ofgehale ginn. Deen definitive Plang soll dem Serge Wilmes no am Laf, a spéitstens bis d‘Enn vum nächste Joer, a Kraaft kënnen trieden.