D‘Noriichtenagence Associated Press (AP) gouf scho vu verschiddene Reuniounen ausgeschloss.
Dat lescht Wuert huet d’Karoline Leavitt
D‘Porte Parole vum Wäissen Haus Karoline Leavitt huet elo matgedeelt, datt d’Zesummesetzung vum sougenannte Korrespondente-Pool – also der Grupp vu Journalistinnen a Journalisten, déi den US-President op offizielle Rendez-vousen begleeden – nei gereegelt gëtt.
Amplaz datt Agencë wéi AP, Reuters oder Bloomberg automatesch dobäi sinn, sollen d’Plazen no enger Rotatioun verdeelt ginn. D‘Pressespriecherin Karoline Leavitt hätt dobäi dat lescht Wuert.