arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Walen a Mecklenburg-Vorpommern um Sonndeg: AfD an SPD de Sondagen no ganz no beieneen

Däitschland

|
reading time

1 min

Walen a Mecklenburg-Vorpommern um Sonndeg: AfD an SPD de Sondagen no ganz no beieneen

Am däitschen Bundesland Mecklenburg-Vorprommern sinn e Sonndeg Landtagswalen. An engem rezenten ZDF-Politbarometer kann d‘SPD vun der Ministerpresidentin Manuela Schwesig virun der Wal nach an der Wielergonscht zouleeën.

reading time

1 min

© picture alliance / Wolfgang Maria Weber | R7172
(Foto: picture alliance / Wolfgang Maria Weber | R7172)

D'SPD läit dem Sondage no elo bei ronn 37 Prozent vun de Wielerstëmmen an domat ee Prozentpunkt virun der AfD, déi vum däitsche Verfassungsschutz als an Deeler geséchert rietsextreem agestuuft gëtt. 

Fir d'CDU kéint et iwwerdeems zu enger Zidderpartie kommen: Déi konservativ Partei kënnt dem Politbaromater no den Ament op 6 Prozent. Also just ee Prozentpunkt iwwer der néideger Hürd vu 5 Prozent. 

Och zu Berlin gëtt e Sonndeg gewielt. Den Ëmfroen no läit do déi lénk Partei vir.