search

/ Walen an Ungarn: Tisza Partei vum Péter Magyar kritt Zweedrëttelmajoritéit

Ungarn

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Walen an Ungarn: Tisza Partei vum Péter Magyar kritt Zweedrëttelmajoritéit

De Premier Viktor Orbán huet seng Defaite no 16 Joer un der Muecht unerkannt. An der ungarescher Haaptstad Budapest huet deen 62 Järege gesot, datt seng Fidesz Partei elo an d'Oppositioun goe wäert. Mat 78 Prozent huet d'Walbedeelegung gëschter um Sonndeg en neie Rekord erreecht.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Budapest: Tisza-Partei vum Péter Magyar gewënnt Walen | ©  EPA/Robert Hegedus HUNGARY OUT
Budapest: Tisza-Partei vum Péter Magyar gewënnt Walen (Foto: EPA/Robert Hegedus HUNGARY OUT)

De Péter Magyar a seng oppositionell Tisza Partei kënne sech kloer duerchsetzen a kréie mat 138 vun 199 Mandanten eng Zweedrëttelmajoritéit am ungaresche Parlament.

Orbán erkennt "batter Néierlag" un 

Mat enger Rekord Walbedeelegung vu 77,8 Prozent huet d‘ungarescht Vollek een neit Parlament gewielt. Zu Budapest waren Dausende vu Leit an de Stroosse fir ze feieren. A senger Ried virun zéngdausende Supporter huet de Péter Magyar betount, wéi wichteg d‘Zweedrëttelmajoritéit fir seng Tisza Partei ass.

„Se wäert den Iwwergang méi effizient, friddlech a reiwungslos maachen“

De Viktor Orbán huet an enger Ried no den Auszielunge gëschter um Sonndegowend seng "batter Néierlag" unerkannt. Et géif een elo an der Oppositioun dem Land déngen.

Freed an de Stroosse vu Budapest war grouss 

Zu Budapest waren Dausende Leit an de Stroosse fir ze feieren.

Mat enger Zweedrëttelmajoritéit am Parlament kann deen neie Premier iwwer Verfassungsännerunge politesch Reformen duerchkréien. A senger Ried huet de Péter Magyar gemengt, all d'Marionette vum aktuelle System sollten zerécktrieden. Konkreet ernimmt goufen de President Tamas Sulyok, den ieweschte Procureur an d‘Spëtze vum Verfassungsgeriicht.

Orbán-Marionette missten zerécktrieden

Fir d‘EU ass d‘Victoire vum neie Premier Magyar vu grousser Bedeitung, ënner anerem well Ungarn ëmmer nees Finanzhëllefe fir d‘Ukrain blockéiert huet. Ënner anerem d‘EU-Kommissiounspresident Ursula von der Leyen huet him gratuléiert a sot "Ungarn huet Europa gewielt."

De Péter Magyar hat a senger Walcampagne versprach, d'Land nees méi a Richtung Europa ze guidéieren an ënner anerem déi blockéiert europäesch Fongen nees fräizekréien. 

"Befreiung" vun Ungarn

No senger Victoire huet hie senge Wieler:inne Merci gesot fir "d'Befreiung" vun Ungarn. 

Wat ass vun neie Premier ze erwaarde fir Ungarn a fir d'EU? Liest a Lauschtert hei eng Analys vum Jurist an Historiker vum Institut fir den Donauraum a Mëtteleuropa, Péter Techet. 

play_arrow Lauschteren