Et war den 8. Juni dëst Joer, wéi d'Tripartite wéinst dem Krich am Noen Osten decidéiert huet, ëmweltschiedlechen Diesel a Bensinn mat Steiergelder ze subventionéieren.
5 Cent um Liter, wärend sechs Méint, fir e Käschtepunkt vu 44 Milliounen Euro.
Fossil Energie subventionéiert wärend dem wäermste Summer
Och den 8. Juni war schonn zënter Joerzéngte wëssenschaftlech etabléiert, wat d'Verbrenne vu fossillen Energië mam globale Klima mécht. Mee d'Regierung wollt onbedéngt en Accord an huet op eng onverantwortlech Manéier déif an d'Täsch gegraff.
De selwechte Mount gouf et och zu Lëtzebuerg en neien Hëtztrekord fir de Mount Juni, mat 38,2 Grad. Wat dono koum, hu mir alleguer schonn nees e bësse verdrängt. Mee mir haten 30 Deeg am Summer iwwer 30 Grad, véier Mol méi wéi de Rekord vu virdrun.
D'Flëss an d'Baachen hunn historesch Déifstänn erreecht, den Ertrag an der Landwirtschaft huet staark gelidden, d'Bëscher sinn nach méi futti gaangen, wéi si et scho waren.
An de leschte Schoulwoche virum Summer hu Kanner an Enseignantë geschweesst a krute sech net méi konzentréiert. Vill Leit waren am Summer midd, well et an hirer Schlofkummer esou waarm war, datt si net méi gutt geschlof hunn. Net ze schwätze vun deene ville Mënschen, déi an Europa wéinst der Hëtzt oder de Bëschbränn gestuerwe sinn.
Symptomatesch fir déi politesch Debatt hei am Land gouf sech virun allem driwwer opgereegt, datt verpasst gouf, d'Populatioun virun dem schiedlechen Damp vun de Bränn am Héije Venn ze warnen. Dat ass natierlech vill méi einfach ze kläre wéi d'Fro, firwat an Europa dëst Joer schonn duebel esou vill Bëscher verbrannt si wéi an engem Duerchschnëttsjoer.
Paräisser Klimaziler kënnen net méi agehale ginn
Elo am November op der Weltklimakonferenz ass et de battere Constat, datt et net méi méiglech ass den 10 Joer ale Paräisser Klimaaccord anzehalen. D'CO2-Emissioune sinn esou héich, datt déi erhoffte Limitatioun vun der Äerderwierung ëm 1,5 Grad par rapport zum preindustriellen Zäitalter an e puer Joer iwwerschratt gëtt.
An dat bleift der UNO no och mat Sécherheet dono eng Rei Joren esou. Fir d'Courbe dono nees erofzekréien, op 1,5 Grad bis d'Joer 2100, missten d'CO2-Emissiounen an den nächsten 13 Joer ëm ronn 70 Prozent reduzéiert gi par rapport zu zejoert.
Klimaschiedlecht Tanken attraktiv gemaach wärend der Energietransitioun
Zu Lëtzebuerg si mir wäit vun esou Reduktiounsziler ewech. Dëst Joer ginn d'CO2-Emissiounen esou guer nach manner staark zeréck wéi nach um Ufank vum Joer erhofft. De Grond: De Verkaf vun Diesel a Bensinn ass quasi net zeréckgaangen. Just nach ëm 0,4 Prozent.
De Grond dofir: De staatlechen Tankrabatt vu 5 Cent. Dat ass esou am Handel: Wat de Präis méi niddereg, an den Ecart zum Ausland méi grouss, wat méi verkaaft gëtt.
An och fir d'Leit hei am Land ass et dat falscht Signal: Grad zu engem Zäitpunkt, wou Elektroautoen accessibel ginn, an déi staatlech Programmer fir d'Energietransitioun op Héichtoure lafen, geet de Staat hin, a mécht klimaschiedlecht Tanken nees méi attraktiv.
Dat ass keng Mesure fir den aarme Leit ze hëllefen, mee mécht Pëtrolskonzerner nach méi räich a vill Krichsdreiwer nach méi staark.
Eescht vun der Situatioun wuel net erkannt
Déi 5 Cent bewierke beim eenzele Bierger souwisou vill manner wéi eng cibléiert Sozialpolitik. An déi aner kréie knapps mat, datt de Staat iwwerhaapt 44 Milliounen an de Präis pompelt.
D'ADR, déi e Geographieprofesser an der Chamber zielt, dee Klimadiagrammer misst kënne liesen, wëllt dat net verstoen, well bei hir 2 plus 2 eng 5 gëtt.
Mee wann och schonn de Finanzminister mengt, eng Verlängerung vum Tankrabatt wier gutt fir seng Keess wéinst den Accisen um Tanktourismus, da weist dat, wéi wéineg den Eescht vun der Situatioun erkannt gëtt.
Beim Klimawandel si mir definitiv keng Insel, a mir kënnen eis och net mat enger Nischepolitik op Käschte vun aneren aus der Affär zéien.