arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sexisten, eraus! Oder: Feministesch Bildung fir all Mënsch.

Fräie Mikro

|
reading time

4 min

headphones

3 min

play_arrow

Sexisten, eraus! Oder: Feministesch Bildung fir all Mënsch.

Genderbaséiert Gewalt a strukturelle Sexismus gi mir eréischt lass, wa mir all als Gesellschaft Verantwortung iwwerhuelen. Där Meenung ass d'Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender an erkläert an hirem Fräie Mikro, wat genee si domad mengt.

reading time

4 min

headphones

3 min

play_arrow
© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Virun enger Woch huet d'ASBL 'Ask for Angela' an der Stad eng Marche organiséiert fir gewaltfräi Stroossen a fir en ëffentleche Raum, an deem och Frae sech sécher fille kënnen.

Op Social Media konnt een duerno eng sëlleg Commentairen zur Aktioun liesen. Nieft Solidaritéit a Versteesdemech gouf och ëmmer erëm ënnerstrach, datt d'Ursaach fir dës Onsécherheet am ëffentleche Raum eigentlech kloer wier, och wa se ni géif benannt ginn.

Ëmmer gëtt op d'Auslänner geklappt

Den Trump an den Orbán hunn et virgemaach, d'Meloni an de Merz maachen et hinnen no, an och vereenzelt honorabel Lëtzebuerger Deputéierter sprange mat op den Zuch: Mir mussen eis Frae schütze virun den Auslänner, heescht et. Besonnesch virun deenen aus Drëttstaaten a viru Moslemen. 

D'Léisung schéngt op der Hand ze leien: Keng méi era loossen. Si all zeréck schécken. Oder awer op d'mannst déi, déi stroffälleg gi sinn.

De Syrier, den eng Fra vergewaltegt huet, soll zeréck a Syrien. A wat, sot mir, mécht hien dann do? Meng Dir, déi syresch Fraen hätten et net scho schwéier genuch?

Genderbaséiert Gewalt ass e globale Problem

Jo OK, e Problem manner zu Lëtzebuerg, sot Dir, mee wat maache mir mat all de Lëtzebuerger, déi eng Fra vergewaltegt hunn? Wou schécke mir déi hin? 

Jo, et ass e Problem, wa Männer aus Länner, an deene Fraen net emol rechtlech gläichgestallt sinn, zu Lëtzebuerg Frae belästegen a mengen, dat wier OK oder si kéimen domat duerch.

Mee éischtens fënnt déi allermeescht Gewalt duerch Bekannter statt an net duerch friem Flüchtlingen. An dat ass e Fakt a keng Meenung.

An zweetens ass genderbaséiert Gewalt, also Gewalt géint Fraen a geschlechtlech Minoritéiten, e globale Problem, deen net u Grenzen Halt mécht. Si gëtt net vun iergendwellechen Auslänner matbruecht. Si ass iwwerall.

De politesche Fokus am Kader vu Fraerechter op Auslänner ze leeën ass dofir just bëllege Populismus am beschte Fall an oppene Rassismus an/oder Islamfeindlechkeet am schlëmmste Fall. An dat hëlleft de Frae kee Meter.

Selwer aktiv ginn a Frae besser schützen

Mam Fanger op e Friemen ze weisen, deen eng Fra belästegt, geschloen oder vergewaltegt huet, ass trotzdeem richteg, mee et ass och verdammt einfach an ännert näischt un deem strukturelle Problem, de mer hei hunn.

Mam Fanger op den Aarbechtskolleeg, de Veräinskolleeg, de Parteikolleeg, oder de beschte Kolleeg ze weisen, dat ass alles anescht wéi einfach. Mee dat ass et, wat tatsächlech en Ënnerscheed géing maachen.

Et gëtt héich Zäit, datt mir all - a Männer ganz besonnesch - keng Toleranz méi weise bei all Form vun genderbaséierter Gewalt, och wann dat heescht, datt mir de Spaassverdierwer si beim Patt.

Bei sexistesche Witzer ze protestéieren, eis Kolleege bremsen an zur Ried stellen, wa si respektlos iwwer hir Frënndin schwätzen, am Club dotëscht ze goe wann e Knaschtert eng voll Fra wëllt ausnotzen an och dobaussen op der Strooss net ewech kucken, wa Mënsche belästegt ginn - dat wier couragéiert.

Loosst eis net verféiere loosse vun einfache, populistesche Léisungen, déi näischt un de strukturellen Ursaache vum Problem änneren.

Feministesch Bildung fir jiddereen

Ech wënsche mir ugepasst Strofe fir all Forme vun genderbaséierter Gewalt, egal vu wou den Täter ass a wéi vill Geld hien huet. Ech wënsche mir, datt den Affer gegleeft a si eescht geholl ginn. Ech wënsche mir, datt all Strofdot verfollegt gëtt.

A virun allem wënschen ech mir Preventioun a Form vu feministescher Bildung. An zwar net just fir d’Nouveau-arrivanten, fir Verurteelter a Prisonéier, mee fir all Mënsch, den hei lieft a schafft.

Wou mir léiere, wat Konsens heescht a wéi dat geet. Wou mir léieren, wéi e gewaltfräit Zesummeliewe funktionéiert a wou mir drun erënnert ginn, datt Fraen a geschlechtlech Minoritéite vollwäerteg Mënsche sinn.

Well genderbaséiert Gewalt a strukturelle Sexismus gi mir eréischt lass, wa mir all als Gesellschaft Verantwortung iwwerhuele fir eis selwer a fir eis Matmënschen.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

play_arrow Lauschteren