Radioen

On air

Concert  |  Kammermusek fir den Ouschterbrunch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi bedenklech sinn déi nei genomesch Technologien?

Landwirtschaft

Wéi bedenklech sinn déi nei genomesch Technologien?

Am Februar hunn zu Bréissel d'EU-Ambassadeuren doriwwer ofgestëmmt, ob een déi nei Gentechniken um europäesche Maart soll erlaben oder net. Lëtzebuerg huet do mat Jo gestëmmt. Vun deenen neie genomeschen Technologië soll den Typ 1, also NGT-1, elo erlaabt ginn. E Fluch, oder éischter e Seegen?

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© Bigtsock play_arrow
(Foto: Bigtsock)

Datt dës Technologie elo erlaabt gouf, wier eng Chance fir d'Lëtzebuerger Landwirtschaft, huet d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen leschte Mount am 100,7-Interview betount. Een, dee Bedenken dozou huet, ass de Frank Adams. Hien ass Geseems-Expert an enseignéiert och an der Akerbauschoul. Hie gesäit Gefore bei dësen neie genomeschen Technologien. 

Ënnerscheed tëschent dem Labo an der Natur

NGT-1 Planzen enthale just eegent Genmaterial, mee bis zu 20 Bausteng vun deem Genmaterial dierften an Zukunft verännert ginn, wann déi nei Technologie bis um Maart ass. Dat wier eng Chance fir d'Lëtzebuerger Landwirtschaft, sot d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen am Mäerz bei eis op der Antenn.

"Dat kann och am Moment duerch d'Ziichtung geschéien, wou u sech dann iwwer cheemesch Agrëffer dat ka gemaach ginn. An hei ass duerch déi sougenannte Gen-Schéier, wou d'Ziichtung méi séier geet."

Mee obwuel et dee Prozess vum NGT-1 och an der Natur gëtt, äussert de Frank Adams Bedenken. Ee Prozess, deen an der Natur geschitt, géif ëmmer an engem ökosysteemesche Kontext geschéien, erkläert den Expert.

"Dann ist das eigentlich ein Eingriff von außen, also beziehungsweise vom Menschen, der die Gene verändert, während in der Natur das immer im Ökosystem passiert. Das ist eigentlich der grosse Unterschied zwischen Labor, Züchtung und evolutiven Prozessen in der Natur."

Off-Target-Effekter

Grad mat Bléck op de Klimawandel wier et ëmsou méi wichteg, datt d'NGT-1 an der EU zougelooss ginn, huet d'Martine Hansen am 100,7-Interview erkläert.

"A mir musse séier kënne reagéieren op de Klimawandel an eng ganz grouss Chance, déi mir hei hunn, ass, datt mir doduerch kënne vill manner Planzeschutzmëttelen herno asetzen."

Och deem widdersprécht de Frank Adams net, mee a sengen Aen ass d'Fuerschung awer nach net esouwäit, fir d'Planzen op de Klimawandel virzebereeden an dofir kéint dee kënschtleche Prozess Gefore mat sech bréngen.

"Bei künstlichen Eingriffen von außen, und darum handelt es sich auch bei jeder Technologie, gibt es immer solche sogenannten Off-Target-Effekte. Das heißt, man zielt ganz genau auf ein Gen, aber es könnte im Genom der Pflanze auch ähnliche Genpassagen geben, die dann auch davon beeinflusst werden. Und das sind Dinge, die können wir eigentlich erst auf lange Sicht wirklich überprüfen."

Auswierkungen op de Pollefluch

Dem Frank Adams plaidéiert deemno - wéi eng ganz Partie aner Kritiker - fir de "Vorsorgeprinzip", mam Zil, all Risiko aus dem Wee ze goen. Hie weist och drop hin, datt ee wichtege Punkt bei der Entwécklung vun den neie genomeschen Technologië vergiess gi wier, nämlech de Pollefluch.

"Der zweite Punkt der Gefahr ist eben, dass auch genetisch veränderte Informationen, also Informationen von genetisch veränderten Pflanzen, in der Natur freigesetzt werden und sich dann über Pollen verbreiten und durchaus sich einkreuzen können, in andere Kulturen derselben Art oder anderer Arten. Sogar Wildpflanzen oder andere Kulturpflanzen."

Och dovu beaflosst kéint d'Biolandwirtschaft sinn. Beim Ubau vu Bioproduite wäerten déi nei genomesch Technologië weiderhin net erlaabt sinn. Dat op ausdréckleche Wonsch vun de Biobaueren. D'Bio-Vereenegung hat och leschte Mount an engem Communiqué hir Suerge geäussert, mee trotzdeem kéinten déi dovu beaflosst ginn, gëtt de Frank Adams nach ze bedenken. 

Lauschterenplay_arrow