Intern hätt ee sech direkt an der Molkerei zesummegesat fir ze kucken, ob een den EKABE-Baueren hëllef kéint, erkläert de Marc Reiners. Hien ass de President vum Produzente-Comité vun der Luxlait.
Déi Lëtzebuerger Mëllechwirtschaft soll gestäerkt ginn
Ufanks hätt sech dat als schwiereg rausgestallt, well een als Luxlait keng Capacitéite méi hat fir Mëllech opzehuelen an ze verschaffen.
D’Léisung huet een dunn op der anerer Säit vun der Grenz, an der Belsch, fonnt. Déi belsch Molkerei SOLAREC, wou d’Luxlait schonn iwwer 10 Joer laang Aktionär ass, huet nach Capacitéiten.
Dobäi huet d’Luxlait awer e kloren Hannergedanken: Déi Lëtzebuerger Mëllechwirtschaft soll gestäerkt ginn.
“Mir géife gären an den nächste Joren investéiere fir eis Capacitéit ze erhéijen a fir déi Betriber, déi mir elo mat engem Kontrakt iwwer véier Joer opgeholl hunn, an d’Luxlait ze integréieren an d’Lëtzebuerger Mëllechwirtschaft deementspriechend ze stäerken.”
Et soll also eng Win-Win-Situatioun sinn, betount de Marc Reiners. Souwuel fir déi fréier EKABE-Produzenten, wéi awer och fir d’Luxlait.
EKABE-Qualitéit "plus minus" um selwechten Niveau wéi déi vun der Luxlait
Aktuell liwweren 270 Mëllechbaueren hir Mëllech un d’Luxlait. No véier Joer soll dës Zuel also op 320 wuessen, wa bis déi fréier EKABE-Produzenten an de Betrib integréiert gi sinn.
Den Oflaf wäert an Zukunft also follgendermoossen ausgesinn: D’Luxlait geet d’Mëllech bei d’Produzente sichen a këmmert sech ëm all d’Verrechnungen a Qualitéitsanalysen. Och d’Paie gi vun der Luxlait gemaach.
“Dat ass e risege Schrëtt, deen d’Luxlait mécht. Och eng Logistik, déi mir bis den 1. Abrëll mussen hikréien, well da leeft hire Kontrakt aus mat Lactalis.”
Fir un d’Luxlait kënnen ze liwwere muss d’Mëllech allerdéngs e gewësse Standard hunn. Well d’EKABE-Produzenten “plus minus” mam selwechte Qualitéitsprogramm schaffe wéi d’Luxlait, dierft dat dem Marc Reiners no awer kee Problem duerstellen.
Summer 2026 2.0? Dat wier eng "Katastroph" fir d'Baueren
Aktuell héiert een dacks, datt ze vill Mëllech um Marché ass. Dat dréckt natierlech de Präis vun engem Liter Mëllech.
De waarme Summer, dee mir dëst Joer erlieft hunn, hätt awer nach kee groussen Impakt op d’Präisser gehat, mengt de President vum Produzente-Comité vun der Luxlait.
Hie fäert allerdéngs e bësse wat d’Zukunft ugeet.
“Déi meescht Betriber hunn nach Reserve gehat, mee déi Reserve sinn elo opgebraucht. (...) Dat ka knapp gi fir d’nächst Joer. Wann d’näscht Joer nach emol en dréchent Joer géing kommen, da wier dat fir d’Baueren alleguer eng Katastroph.”
De Marc Reiners veranschaulecht, wéi volatil de Mëllechmarché ass: Geet déi europäesch Mëllechproduktioun ëm just véier Prozent an d’Luucht, da fält de Präis schonn “immens wäit no ënnen”.
De Marché reegelt, an dat wäert sech och an Zukunft net änneren, esou de Marc Reiners.
Luef fir de Ministère
D’Luxlait ass awer och net midd ginn d’Regierung, virun allem de Landwirtschaftsministère, ze luewen. Mat hinnen hätt een ëmmer schonn e gudde Kontakt gehat, preziséiert de Marc Reiners, a spillt op déi kuerz Weeër zu Lëtzebuerg un.
Hie betount: Wa 60 Betriber e Kontrakt gekënnegt kréien, da wier dat eng Situatioun an där eng Regierung sech aschalte misst.
“Si huet hire Bäitrag dozou bäigedroen. Éischtens mol gëtt eng Etüd gemaach, déi d’Lëtzebuerger Mëllechlandschaft analyséiert. Déi Etüd iwwerhëlt de Staat (Käschten an Ëmsetzung, Umierkung vun der Redaktioun). Dat war e wichtege Facteur an deem Fall hei."
Tëschent 8 an 10 Méint kann déi Etüd daueren. Dono wéilt d’Luxlait hir eegen Analyse maachen. Wéi eng Mëllechproduiten hunn nach Potential? Wou kann een nach Capacitéite gebrauchen?
An e puer Méint misst een dann och nees mat Prolec, den EKABE-Baueren, verhandelen. Dat wier alles “eng Mammutaufgab”, mengt de Marc Reiners, deen awer optimistesch bleift.
“Ech sinn zouversiichtlech als President, datt mir dat hikréien.”
D'Luxlait wäert dem Rouscht trei bleiwen
D’Luxlait envisagéiert eng Capacitéitsvergréisserung. Dat wier mat engem gewësse Risiko verbonnen, betount de Marc Reiners.
Wann een awer seng Capacitéiten ausbaut, da geschitt dat um Rouscht, verséchert hien. Do hätt een nach Terrain, an och bannent der Molkerei kéint een nach villes ëmbauen.
“Et handelt sech ëm e Gesamt-Konzept fir d’Molkerei.”
Wat geschitt mam Rescht vun den EKABE-Produzenten?
68 Produzente sinn also fale gelooss gi vu Lactalis. 50 wäerten an den nächste Joren an d’Luxlait integréiert ginn. Gewosst ass och, datt sechs Produzenten ophalen. Wat geschitt mat deenen aneren?
De Marc Reiners ka just soen, datt hie vun zwee Produzenten héieren hätt, datt si un d’Molkerei Hochwald liwwere wäerten, well si dat bis elo schonn esou gemaach hunn.
Wéi et fir déi verbleiwend Produzente virugeet, konnt de Marc Reiners net soen.