arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gréisste Lëtzebuerger Grompereproduzent geet vu Verloscht vu ronn 50 Prozent aus

Dréchent

|
reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Gréisste Lëtzebuerger Grompereproduzent geet vu Verloscht vu ronn 50 Prozent aus

D’Canicule huet an der Landwirtschaft vill Schued verursaacht. D’Recolte ass méi kleng oder d’Kulturen si ganz agaangen. D’Bauere sti viru grousse finanzielle Verloschter. Och dee gréisste Grompereproduzent Marc Nicolay huet et schwéier getraff, hie geet vun engem Verloscht vu 50 Prozent aus.

reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow
© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

Verschidde Grompere wieren esou kleng, datt se duerch d'Bänner vun der Maschinn falen, weist de Marc Nicolay. 

"Obwuel mer kleng, engmascheg Bänner opgezunn hunn, verléiere mer awer nach méi kleng Gromperen." 

De Marc Nicolay an seng Mataarbechter si mat der Recolte am gaangen, a stinn Uewen op der Maschinn wou d’Steng an d’Buedemschallen tëscht de Gromperen erausgeholl ginn. De Buedem ass dréchen, a wann den Trakter duerch d’Feld fiert entsteet eng gréisser Stëbswollek. 

Deelweis 70 bis 80 Prozent Verloscht 

De Marc Nicolay hat eng 400 Hektar am Norde vum Land an zum Deel an der Belsch gepacht fir d’Gromperekultur. Eigentlech ass de Schiferbuedem am Éislek , deen tëschent de Lamellen d’Waasser stockéiert besser fir d’Gromperekultur.

Am Süden dogéint ass leemege Buedem deen am Fréijoer oder Hierscht ze naass a pecheg ka si fir d’Setzen a fir d’Recolte. Hien zillt 24 Zorten, déi méi oder wéineger Hëtztresistent sinn. Ronn ee Véierel vu senge Grompere sinn an Tëschenzäit erageholl an d’Perte sinn enorm, betount de Marc Nicolay.

"Mir hu Parzellen, wou mer manner wéi 30 Prozent vun enger normaler Recolte erafueren. Dat heescht, 70 bis 80 Prozent Verloscht, virun allem Zorten, déi elo vläicht net grad esou hëtztstressresistent sinn, déi hunn dat Wierder hei iwwerhaapt net appreciéiert."

Si hätten awer Zorten, déi d'Dréchent besser verdroen. 

"Déi dann och méi en ausgepräägte Wuerzelsystem hunn an och ganz fréi relativ déif Waasser siche gaang sinn. An déi bréngen et dann op eng hallef Recolte."

De Marc Nicolay produzéiert am Duerchschnëtt 15 Dausend Tonne Grompere pro Joer. Zejoert gouf et eng gutt Recolte, wou en 18 000 Tonne Gromperen erageholl huet.

Assurance kënnt net fir Hëtzt op 

Dëst Joer schätzt hien seng Recolte op 8.000 Tonnen. De Marc Nicolay huet zënter 2003 eng Assurance fir seng Recolten ofzesécheren, mee déi kënnt fir d’Canicule net op.

"Dat heescht Knëppelsteng, Staarkreen, Verschlammung a Spéitfrost hunn ech assuréiert a menge Gromperen, awer d'Dréchent, d'Assurance verséchert mir dat net."

Mat der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen (CSV) hätt hie schonn ee Rendez-Vous gehat fir op dee Mëssstand opmierksam ze maachen. 

"A mir, eisem Betrib, deet deen doten Ëmstand extreem wéi, well mat enger hallwer Recolte do e korrekte finanzielle Bilan nach kënne virzeweisen, dat wäert alles net esou einfach ginn dëst Joer."

D’Präisser vun de Grompere wäerten dëst Joer klammen, dat ass fir de Marc Nicolay ganz kloer.

play_arrow Lauschteren