Radioen

On air

Notturno  |  The Drums - Plastic Envelope

play_arrow Live
search

/ Wéi genderspezifesch Medezin ka Liewe retten

Gender Gap an der Medezin

Wéi genderspezifesch Medezin ka Liewe retten

​​​​​​​Männer a Frae sinn ouni Zweiwel biologesch verschidden. An der Medezin, an och an der Medikamentefuerschung, orientéiert sech awer Villes um Mann. De männleche Kierper war laang den eenzege Standard. Lues a lues kënnt et awer zu Ännerungen. An dat aus guddem Grond, well genderspezifesch Medezin ka Liewe retten.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Bigstock / vchal

Frae reagéieren anescht op Medikamenter oder Krankheeten: Bei engem Häerzinfarkt hu Fraen zum Beispill aner Symptomer wéi Männer. Dat huet d’Chantal Keller vun der Blëtz ASBL, déi sech fir Mënsche mat engem Hiereschlag asetzt, selwer erlieft.

"Ech hat einfach Bauchwéi, immens vill Bauchwéi an Réckewéi."

Anescht wéi beim Mann, mécht sech den Häerzinfarkt bei der Fra oft als Wéi am ieweschte Bauch mat Iwwelzegkeet bemierkbar. Dat féiert dozou, datt Fraen oft réischt méi spéit no Hëllef sichen, oder den Häerzinfarkt réischt méi spéit erkannt gëtt. Männer kréien zwar méi oft en Häerzinfarkt, Frae stierwen awer méi oft drun, wéi eng Etüd vun der däitscher Gesellschaft fir Kardiologie weist.

Datt sech verschidde Krankheete bei Fraen anescht weise wéi bei Männer ass awer net den eenzege Problem. Bei Frae gi Krankheeten och méi heefeg wéi bei Männer op psychesch Probleemer zréckgefouert, oder se gi guer net eescht geholl. Amplaz vun engem Medikament géint de Wéi kréien d’Fraen dann e Berouegungsmëttel verschriwwen, esou eng Etüd aus dem Joer 2008.

Falsch Diagnose wéinst dem Geschlecht

D’Shirley Feider-Rohen vum Cercle des Associations de Patients CAPAT erzielt en Temoignage vun enger jonker Fra, déi mat extremem Kappwéi an d’Urgence gaangen ass.

“Dunn huet déi Persoun, déi en Charge war gemengt: ‚dat wäerte wuel hir Deeg sinn‘. An huet hir genau déi nämmlecht Medikamenter opgeschriwwen, déi si scho geholl huet an déi awer net gehollef hunn.“

Méi spéit hätt sech erausgestallt, datt déi jonk Fra eng viral Hirnhautentzündung hat. Eng schwéier Erkrankung, déi déidlech ka verlafen. Sou Erfarunge wiere keen Eenzelfall, seet d’Claire Schadeck vum CID Fraen a Gender. Si erzielt, wéi verschidden Dokteren haut ëmmer nach denken.

“Also wann et zum Beispill ëm Ofdreiwung geet, da muss een tatsächlech soen, datt et nach ëmmer Doktere ginn, déi soen: Jo si huet et jo sou gewollt an dann d'Péng, déi hir widderfiert bei der Ofdreiwung, déi huet se verdéngt. Et ass eng Sauerei.”

Genderspezifesch Fuerschung: Aner Länner si scho méi wäit

Lues a lues gëtt och iwwer den “Gender Gap”, also d’Ongläichheet tëscht de Geschlechter an der Medezin geschwat.

A verschiddene Länner gëtt et schonn genderspezifesch Fuerschung, zum Beispill an der Charité zu Berlin, wou d’Fuerschung e Geschlechter- an diversitéitssensiblen Usaz huet. An nieft de Frae sinn an der Medezin och aner Persounen am Nodeel, esou Transpersounen, Mënsche mat Behënnerung oder Mënsche mat aneren Originnen, seet d’Claire Schadeck.

“Mir hu sou de Biais an eis. Also souwuel vis-à-vis vu Fraen, dat heescht sou e sexistesche Biais, mee eben och de rassisteschen. An do weisen Etudë ganz kloer, zum Beispill bei schwaarzen, schwangere Fraen, datt déi manner eescht geholl gi wéi wäiss Fraen. Déi kréien aner Medikamenter verschriwwen, zum Beispill mat där rassistescher Begrënnung, datt se net responsabel mat dem Konsum vun de Medikamenter géifen ëmgoen.”

Méi Fuerschung a méi Sensibiliséierung sinn néideg

Mee net nëmmen hei an den europäesche Länner si Fraen an der Medezin benodeelegt. An de Länner aus dem Globale Süde gëtt et fir Fraen zousätzlech de Problem vum Zougank zu Informatioun an Educatioun. Dat wier och dee gréissten Defi, erkläert Dr. Aïssatou Diagne, Gynekologin aus dem CHL an aktiv an der humanitärer Hëllef.

“C'est déjà l'accès à l'éducation. J'en parlais, on est stigmatisée, parce que, déjà, les filles n'ont pas accès comme les garçons.”

Op d’Fro hin, wat sech am Dréngendste misst verbessere fir eng besser Prise en Charge an géint Diskriminatioun am medezineschem Beräich, ginn d’Äntwerten an déi nämmlecht Richtung. Et misst méi Recherche an deem Beräich gemaach ginn, dofir bräicht et méi finanziell Mëttel. Donieft bräicht et méi Sensibiliséierung a méi Fraen op Decisiounsposten.

Lauschterenplay_arrow