arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Suergekand Logement: 300 Leit demonstréiere virun der Chamber géint d'Wunnengsnout

Logement

|
reading time

5 min

Suergekand Logement: 300 Leit demonstréiere virun der Chamber géint d'Wunnengsnout

Virun allem jonk Leit hunn haut de Mëtteg virun der Chamber géint d’Logementskris manifestéiert. En Zesummeschloss aus 13 Jugendorganisatiounen haten zu dëser Demonstratioun opgeruff. Am Kader vum Tripartitesaccord hu Regierung a Sozialpartner gëschter iwwer potentiell Mesuren diskutéiert.

reading time

5 min

© 100,7
(Foto: 100,7)

D’Organisateure schätzen, datt eng 300 Leit op der Plaz waren. D'Jugendorganisatioune fuerderen all d’Parteien op de Logement als politesch Prioritéit ze behandelen. Et solle méi séier, konkret an effikass Mesuren ëmgesat ginn. 

"Logementskris betrëfft jiddereen"

Zwee vun de Coorganisateure vun déi jonk Lénk a vun der onofhängeger Gewerkschaftsjugend OGJ, hunn erkläert firwat hinnen dës Manifestatioun esou wichteg ass: Och wann een sech dacks politesch net eens wier - d'Logementskrise géif jidderee betreffen. 

"Et ass e politesche Problem, deen parteiiwwergräifend muss geléist ginn." 

Fir den OGJ geet et och ëm de Plafonnement vun de Loyeren, respektiv ëm eng Loyersbrems. Virun allem misst et awer zu engem Ëmdenke komme, wéi een dës Krise ugeet. 

"Wat mer fuerderen, datt mer déi Kris net duerch lénks a riets eng Klengegkeete kënne léisen, mee wierklech duerch eng politesch Prioriséierung vum Logement-Thema."

Fir d'Jugendorganisatioune misst CSV-DP Regierung kloer soen, datt de Logement elo d'Prioritéit Nummer eent wier. 

© 100,7
(Foto: 100,7)

Regierung a Sozialpartner beroden iwwer potentiell Mesuren

De Logement ass dat gréisst Suergekand vun den Awunner:innen hei am Land. Dat geet aus enger Etüde vun Eurobarometer ervir. Am Kader vum Tripartitesaccord hunn d'Regierung an d'Sozialpartner gëschter iwwer potentiell Mesurë fir d'Fërderung vum abordabele Wunnengsbau beroden.

An de leschten zéng Joer sinn d'Investitioune konstant an d'Luucht gaangen. Am Joer 2014 waren et ronn 41 Milliounen Euro déi de Staat an de Grapp geholl huet, fir méi abordabel Wunneng ze schafen. 2025 waren et ronn 447 Milliounen Euro. En Hausse vun eppes iwwer 990 Prozent. 

Investitioune kéinten op 500 Milliounen Euro klammen

Wéi de Logementsministère matdeelt, huet de Staat eleng dëst Joer schonn iwwer 386 Milliounen Euro engagéiert. De Previsiounen no sollen 2027 iwwer 500 Milliounen Euro an den Ausbau vun abordabele Wunnraum fléissen. Enn 2025 goufen et 5.348 konventionéiert Wunnengen hei am Land. 

Trotz de Beméiunge bléift de Logement déi gréissten Erausfuerderung zu Lëtzebuerg. Dat soen op mannst 51 Prozent vun den Awunner:innen hei am Land. 

VEFA: D'Ausgabe klammen - d'Vente ginn zréck 

Déi héchste staatlech Ausgaben am Joer 2025 (32 Prozent) hunn den Opkaf vun Terrainen a vu sougenannte VEFA (Vente en l'état futur d'achèvement) Logementer ausgemaach.

D'Unioun vun de Gewerkschafte wéist drop hinn, datt d'Vente vun de VEFA-Wunnengen am Joer 2026 ëm 35,5 Prozent zréck gaagen sinn. Iwwer den Zäitraum vun 2017 op 2021 gekuckt, wier et souguer eng Baisse vun 68 Prozent. 

D'Gewerkschafte fuerderen ënnert anerem dofir eng Reform vun de legale Prozeduren an deem Kontext. Beispillsweis misst et ee wierksaamt Verbuet vu "paiements anticipés" ginn. Grad ewéi besser Kontrolle vun aneren "ofschréckende Sanktioune", beim Kaf vun enger Wunneng op Plang. 

UEL: Plafonnement vu Loyer kéint d'Offer bremsen 

D'UEL verweist drop, datt "d'Krise vun de VEFAen" de Staat 200 Milliounen Euro u Steierausfäll kascht huet. Doriwwer eraus wieren och Aarbechtsplazen a Beneficer vun Entreprisen verluer gaangen. 

D'Unioun vun den Entreprisë fuerdert dofir Steiervergënschtegungen an héicht vun 21 Prozent, fir d'Acquisitioun vun enger VEFA-Immobilie. Mat der Konditioun: Dës mussen de Niveau A an der Energieeffizient erreechen.

Enger Déckelung vum Loyer steet d'UEL éischter skeptesch géigeniwwer. Auslännech Modeller hätte gewiesen, datt dës negativ Auswirkungen op de Marché kéint hunn. En iwwermossegt Encadrement kéint iwwerdems zu engem Réckgang vun der Offer féieren. 

D'Regierung presentéiert fënnef Prioritéite

Fir déi nächst Méint huet d'Regierung e Plang mat fënnef Prioritéite virgestallt. Ënner anerem sollen eidel stoend Wunnengen an ongenotzten Terraine mobiliséiert ginn. Och d'Bauprozedure solle vereinfacht, an déi staatlech Investitioune weider ausgebaut ginn. De Comité soll d'Ëmsetzung vun dëse Mesuren elo reegelméisseg iwwerpréiwen.

D'Gewerkschaften OGBL an LCGB notéieren, datt et net genuch Donnéeën iwwer de Leerstand hei am Land géif ginn. Schätzungen no géifen an de Gemeng siwe bis zéng Prozent vun de Wunnengen an Haiser eidel stoen. OGBL an LCGB fuerderen eng Tax op eidel stoend Wunnengen. 

D'Gemeng Esch ass bis dato déi eenzeg Gemeng hei am Land déi esou eng Steier ophieft.