Hanner der Artistin oder dem Artist steet eng ganz Ekipp, déi dës Show op d’Bee stellt. Déi besteet aus: Dem offizielle Broadcaster, enger Produktiounsfirma, sougenannte mental- a vocal Coaches, Dänzer, an nach villen anere Leit.
Ee Bléck hanner all déi Prozeduren ze kréien ass och als Press guer net esou evident. Tëschent Prouwen, Optrëtter a soss etleche Rendez-vousen ass et dacks nëmme kuerz méiglech, mat den Artisten oder de Responsabelen ze schwätzen. An och soss geschéien déi ganz Preparatioune prinzipiell ouni Press, ënner der Leedung vum Broadcaster.
Laura Thorn: "Eng gutt Zesummenaarbecht"
D’Iddien an d’Visiounen, wéi d’Show soll ausgesinn, komme vun der ukrainescher Produktiounsfirma one2remember”, déi de Lëtzebuerger Broadcaster RTL dëst Joer fir de Luxembourg Song Contest (dëm Lëtzebuerger Virentscheed) an och den Eurovision Song Contest engagéiert huet.
D’Firma beréit sech eemol kuerz mat den Artisten a fänkt dann doropshin un, éischt Proposen auszeschaffen, erkläert de Valeriy Mirochnyk vun one2remember.
"Als éischt hu mir eis vum Text vum Lidd inspiréiere gelooss. Nom Lëtzebuerger Virentscheed hu mir verstanen, datt d’Laura sech op der Bün weiderentwéckele kéint, well si eng selbstbewosst Kënschtlerin ass. Si ass jonk, huet nach net vill Erfarung, mee si wëll wéi e Star sinn. A mir hu gemierkt, datt mir eppes Besonnesches fir si maache kéinte."
D’Laura Thorn schwätzt vun engem gudden Encadrement an enger gudder Zesummenaarbecht.
D’Iddie ginn an engem Grupp diskutéiert, an där d’Representantë vun RTL a vun der Produktiounsfirma dra sinn, wéi och déi franséisch Produzenten, déi d’Lidd “La poupée monte le son” geschriwwen hunn, an d’Laura Thorn. D’Propose vun one2remember hätten der Sängerin all gefall."
“Wa mir eppes guer net géif gefalen, wann ech géif mech duerchsetzen, da géif dat natierlech esou gemaach ginn, mee ech fannen elo perséinlech net onbedéngt, datt dat de Wee ass, well dat sinn halt wierklech Leit, déi eppes vun deem Beruff kennen. An ech mengen, jiddereen huet esou säin Domän, wou e sech auskennt.”
Artiste wëllen LSC-Erfarung "hanner sech loossen"
D’Sängerin Rafa Ela, déi och schonn d’lescht Joer an der Finall vum Luxembourg Song Contest war, schwätzt vu liicht aneren Ëmstänn d’lescht Joer. Deemools, ënner der Leedung vun der Produktiounsfirma “Tali Eshkoli Productions”, wier een nach net esou direkt an d’Entscheedungsprozedure mat agebonne gewiescht.
“Dës Kéier hate mir wierklech déi eenzel Gruppen, wou mir selwer konnten dra Feedback ginn, a si hunn eis einfach vill méi fréi Detailer ginn zu eiser Show. D'lescht Joer misste mir e bësse méi laang waarden, fir ze wëssen: 'A wéi gëtt dann elo eise Show, wéi wäert dat dann elo sinn?' An dëst Joer ware mir scho vill méi fréi an deene Saachen involvéiert.”
Och de Luzac, deen d’lescht Joer kandidéiert huet an dëst Joer bis an d’Finall vum LSC koum, schwätzt vun enger méi entspaanter Stëmmung dëst Joer. D’lescht Joer hätt ee sech als Kënschtler nach e bësse méi “duerchsetze” missen.
Vill vun de Participantë vum leschtem Joer wollte sech net zu hiren Erfarungen äusseren. Vun der Firma "Beast", déi mam Edsun, der Naomy Ayé, a mam Adriano Selva (deemools bekannt als CHAiLD) zesummeschafft, heescht et, d’Artiste wéilten dat “hanner sech loossen”.
De CHAiLD huet d’lescht Joer, zesumme mam MAZ, mat engem eegene Lidd kandéiert, ier him da proposéiert gouf, eleng a mat engem anere Lidd an d’Finall ze kommen. Dëst Joer huet et e Lidd, wat hie matgeschriwwen huet, fir Tschechie bis an d’Halleffinall vum ESC zu Basel gepackt.
“Eng Säit vu mir, och wann ech mëttlerweil och ganz okay si mat allem, wéi et d'lescht Joer war, dat ass okay, mee ech muss soen, eng Säit vu mir ass awer sou: 'Okay, wat s du schreifs, ass awer gutt.' Also et war eng kleng Confirmatioun, wou ech mir soen: 'Hey, du bass gutt.' An dat hunn ech souwisou gemierkt, leschte Summer, wou ech ugefaangen hunn an der Belsch vill ze schreiwen.”
Kritik wéinst Manktem un Transparenz
Och vum LSC-Finalist vun dësem Joer Zero Point Five heescht et, et hätt ee keen Interêt drun sech dozou ze positionéieren. Hei wichteg ze bemierken: De Violonist vun de Band Zero Point Five, de Chris Reitz, ass de President vun der FLAC, der Federatioun vun den Auteuren a Komponisten.
Déi kritiséiert an engem schrëftleche Statement op eis Nofro hin de Manktem un Transparenz bei deem ganze Concours, virun allem an Hibléck op de Prozess vun der Kandidatenauswal.
D’FLAC bedauert weider, datt d’Gewënnerlidd vum LSC net vun engem Lëtzebuerger Komponist kënnt an och net an Zesummenaarbecht mat Lëtzebuerger Komponiste geschriwwe gouf. D’Lidd “la poupée monte le son” kënnt vun de Paräisser Produzente Julien Salvia a Ludovic-Alexandre Vidal.
D’Laura Thorn huet als reng Interpretin vum Lidd och keng “droits d’auteurs”. Dat heescht, si kann d’Lidd net selwer publizéieren a kann och net finanziell dovu profitéieren, wann d’Lidd zum Beispill um Radio leeft oder op Streamingplattforme gelauschtert gëtt.