search

/ Wéi wier et fir Chrëschtdag mat e bëssen Éierlechkeet?

Fräie Mikro

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Wéi wier et fir Chrëschtdag mat e bëssen Éierlechkeet?

Chrëschtdag: Dat ass d’Joreszäit, an där mir eis zoutexten, wéi wichteg Fridden, Léift a Bescheidenheet sinn - an duerno Amazon eidel kafen an eis de Bauch voll schloen. Tëschent Click&Collect a moralesche Sonndesrieden. Wéi wier et do mat e bëssen Éierlechkeet? E Fräie Mikro vum Jean-Luc Thill.

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Jean-Luc Thill | © Chris Zeien
Jean-Luc Thill (Foto: Chris Zeien)

Chrëschtdag ass wuel eng vun de leschte groussen Traditiounen, déi an der ganzer westlecher Welt, an doriwwer eraus, zesumme gefeiert gëtt, egal op gleeweg oder net.

An enger Zäit, wou Traditiounen - a virun allem déi reliéis - ëmmer méi ofhuelen, ass Chrëschtdag eng vun de groussen Ausnamen.

D'Moral a Fro stellen

Chrëschtdag ass awer och eng denk-intensiv Zäit, wou sech all Joer op en neits eng Rei méi oder manner déifgrënneg Froe stellen: Soll een d'Tatta Josefin beléien an déi fuerchtbar Krawatt, déi si engem kaaft huet, awer schéi fannen? A wéi vill soll en eigentlech mat deenen Aarmen a Bedürftegen an der Chrëschtzäit deelen?

Ass et iwwerhaapt moralesch akzeptabel fir genau op Chrëschtdag sech Panz esou voll ze schloen - egal op Fleesch, Fësch oder Kéis?

Och e Fest fir Atheisten?

Déi reliéis Säit vum Fest wërft och eng Abberzuel méi déifgrënneg Froen op: Wéi ass eigentlech de Friddensmessage vum Chrëschtfest ze verstoen? Ass Chrëschtdag e Fest, wat och Atheiste mat engem gudde Gewësse feiere kënnen?

De Jean-Paul Sartre huet säi Krëppespill aus der Krichsgefaangenschaft zu Tréier selwer Joerzéngte laang ënner Verschloss gehalen an et als ’schlecht Stéck’ qualifizéiert. Vläicht, well et ze vill un d’Angscht an d’Hoffnung vum Lager erënnert huet, oder awer un een Atheist, dee fir eng Nuecht eng Krëppespill-Text iwwer d’Gebuert vu Gott geschriwwen huet.

Ass et wierklech verstänneg unzehuelen, datt de Jesus souwuel e Produkt vum Himmel ass, wéi och duerch eng Jongfra gebuer gouf?

Wien ass de wierklechen Ökoterrorist?

Dës méi oder manner seriö philosophesch Froe ginn awer gäre lénks leie gelooss fir sech all Joers erëm déi selwecht, wierklech fundamental Froen, ze stellen: Ass nach e Chrëschtbam ze kréien? Fir direkt duerno d’Fro vun der Heresie nei opzewerfen: Plastik oder Natur - Wien ass de wierklechen Ökoterrorist?

Sinn ech fréi genuch un oder sinn Delikatesse schonns erëm all fort. A wann net - geet dat och alles an de Frigo?

Wier dat elo e gutt Geschäft oder wat hunn déi Saachen eigentlech kascht iert den Depliant mat de Super-Promoen an d’Haus koum - egal ob digital oder analog?

D'Roll vun der Nostalgie

Esou ass aus dem Fest vun der Léift e Fest vum Konsum ginn. Eng Zäit vum zwanghafte Verschenken. Do kann een nach esou dacks soen, et wëllt een näischt, a vum kannereche Wonsch nawell eppes geschenkt ze kréien, wann ee sech dann un de déi ‘Regel der Vernunft’ näischt matzebréngen hält.

Dozou kënnt nach eng gehéiereg Portioun Nostalgie: D'Erënnerung un déi eegene Kandheet dréit hiert zum Chrëschtgeschäft bäi.

Wien elo wéi fréier zwee, dräi Deeg a Rou mat der Famill verbrénge wëll, dee muss och mam Fest ëmgoe wéi fréier, also weder Hektik nach Hamsterkeef. Einfach Zäit mat engem aneren ze verbréngen ass dacks dee méi e flotte Kaddo, an huet kee Präis, ausser déi Zäit, déi een sech dofir hëlt.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

play_arrow Lauschteren