Den US-amerikanesche President Donald Trump sot, datt hie mengt, datt et en Deal mat Russland gëtt, iwwer d'Enn vum Ukrainkrich. Mir mussen elo nach en Accord mam Selenskyj fannen, esou den Trump. Hien hätt geduecht, et wier méi einfach mam Selenskyj ze verhandelen. Béid Presidente ginn e Samschdeg zu Roum fir d'Begriefnis vum Poopst François erwaart. Ob et do e Gespréich gëtt, huet den Donald Trump opgelooss.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Weider russesch Rakéitenattack op d'Ukrain, Donald Trump setzt Selenskyj weider ënner Drock
Krich an der Ukrain
Weider russesch Rakéitenattack op d'Ukrain, Donald Trump setzt Selenskyj weider ënner Drock
Bei enger russescher Rakéitenattack koumen an der Nuecht op en Donneschdeg 9 Leit ëm d'Liewen, 63 goufen der blesséiert. Ukrainesch Medie schwätze vu russesche Loftattacken och an aneren Deeler vum Land.
auto_stories
1 min

(Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Yuri Gripas - Pool via CNP)