arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéinst Bankekris: President vu Paraguay Santiago Peña huet säi Récktrëtt annoncéiert

Paraguay

|
reading time

1 min

Wéinst Bankekris: President vu Paraguay Santiago Peña huet säi Récktrëtt annoncéiert

De paraguayanesche President Santiago Peña war ënner Drock geroden, wéinst engem Bankeskandal, dee sech zu enger politescher Kris entwéckelt huet. Ausléiser war d'Faillite vun enger Digitalbank am südamerikanesche Land.

reading time

1 min

© EPA/Juan Pablo Pino
(Foto: EPA/Juan Pablo Pino)

Fir d'Stabilitéit vum Land, de soziale Fridden an de Schutz vun demokrateschen Institutiounen: Domat huet de paraguayanesche President säi Récktrëtt erkläert. 

Him gëtt awer ënner anerem vu Leit aus der eegener Partei virgehäit, an d'Onstëmmegkeete verwéckelt ze sinn. 

Erspuernisser vu Millioune Leit a Gefor 

Millioune Leit fäerten ëm hir Erspuernisser. Konte sinn agefruer a Rente blockéiert ginn. An der Haaptstad Asunción sinn an de leschten Deeg Dausende Leit op d‘Strooss gaangen. 

Aus dem Bankeskandal ass eng politesch Kris ginn, well et bei de Kreditter, déi déi Bank ginn huet, Onreegelméissegkeeten a Korruptioun soll ginn hunn. D‘Zentralbank vum Paraguay huet déi betraffe Bank Ueno ënner Tutelle gestallt.