arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weltraumtechnologie fir méi Sécherheet: Lëtzebuerg wëllt Kooperatioun ausbauen

Däitschsproocheg EU-Länner

|
reading time

1 min

Weltraumtechnologie fir méi Sécherheet: Lëtzebuerg wëllt Kooperatioun ausbauen

Den däitsche Verteidegungsminister Boris Pistorius sot no engem Treffen zu Berlin tëschent de véier däitschsproochegen EU-Länner, datt d'Zesummenaarbecht am Weltall soll verstäerkt ginn. Och Lëtzebuerg wëllt sech bedeelegen.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Kay Nietfeld
(Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld)

D'Weltraumfäegkeeten hätten eng ëmmer méi grouss Bedeitung fir all Form vu militärescher Ausernanersetzung, esou de Boris Pistorius. D'Länner kéinten zum Beispill bei der sougenannter Weltraumlag zesummeschaffen, also beim Schutz vun den eegene Satellittesystemer.