D'Rhian Teasdale an d'Hester Chambers goufe séier zu Indie-Dadaen - net nëmme fir hire Sound, mee och fir hire sarkastesche Bléck op d’Liewen an den Zwanzeger, an an hiren Zwanzeger.
Mat Sätz wéi "Ech brauch keng Dating-App fir mir ze soen, datt ech schäiss ausgesinn" war den Toun gesat fir allerlee Iwwerleeungen iwwer männlech Dominatiounsusprëch, peinlech Bezéiungen, sexuell Frustratioun an den allgemenge Wansinn vun der haiteger Partnersich.
Blénkeg Ironie a verspillten Nihilismus, déi eng Generatioun perfekt agefaangen hunn. Déi vun der Éierlechkeet desillusionéiert ass, an awer ëmmer nach no Spaass verlaangert.
"Mir hu Lidder just fir de Spaass geschriwwen", sot d'Rhian eemol, "net fir eppes Déiwes ze soen - awer heiansdo rutscht et engem trotzdeem duerch."
Hiert Fanne vum Sarkasmus op der Sich no Éierlechkeet huet souwuel bei Nolauschterinnen a Nolauschterer wéi och bei Kritiker:inne raisonéiert, wat hinnen zwee Grammy Awards an eng Nummer 1 Positioun an den UK Charts abruecht huet.
Fettege Sound?
Elo kënnt da Moisturizer - hire laang erwaarten zweeten Album. Do gesäit een, datt d'Band sech zu enger kompletter Tournée-Besetzung ausgebreet huet, mam Ellis Durand um Bass, dem Henry Holmes um Batterie an dem Joshua Mobaraki op Gittar a Synthesizer. Wat e méi räiche, méi geschichtete Sound am Studio ergëtt, do si mir eis eens.
D'Lidder goufen, wéi dat oft beim zweeten Album de Fall ass, à l’improviste an engem Airbnb zu Southwold organiséiert, fir Iddien ze developpéieren, déi d’Band wärend de Pausen op Tournée geschriwwen hat.
D’Sessioune fir den Album goufe vum Produzent Dan Carey encadréiert a vum Alan Moulder gemixt, an de klangleche Wuesstum ass onbestridden.
Wou hiren Debut dacks minimalistesch war, ass Moisturizer üppeg, melodesch a selbstsécher. D'Band huet hire charakteristesche Sarkasmus net opginn - awer si hunn e mat Verletzlechkeet duerchdrongen, Léift, Queerness, emotional Duercherneen an Einsamkeet spéit an der Nuecht exploréiert.
Dem Carey säi spezielle Stil - rau, dréngend a klanglech abenteuerlech gëtt dem Sound vu Wet Leg eng nei Energie. Bekannt fir seng Aarbecht mat Fontaines D.C., Squid a Kae Tempest, huet de Carey en Talent, Onmëttelbares an ze fänken, ouni ze vill ze poléieren.
Op “Moisturizer” léisst hien d'Band spontan agéieren, wärend hien de Mix mat subtille Schichten opmécht: Schimmere Synthesizer, Stereo-Gittar-Fro-an-Äntwert-Spill an eng clever Notzung vum negative Raum bestëmmen de Vocabulaire.
Et gëtt méi Wäermt a Bass wéi um Debut, an de Carey gëtt all Stéck just genuch Beräicherung, fir de réie Charme vu Wet Leg net ze verléieren.
Feministesch-frech bis intimistesch-fresh
Huele mir zum Beispill den Optakt vum Album, "CPR" – dee mat pulséierender Basslinn a robotescher Stëmm ("Hello? 999? I'm in love"), vun Ironie nëmmen esou drëpst. Oder „Davina McCall“, benannt no enger beléifte brittescher Fernseemoderatorin, deen Teenager-Nostalgie an Häerzschmerz duerch schimmernd Gittaren an eng draamähnlech Stëmm filtert. D'Lidd ass gläichermoossen originell an häerzlech - pure Wet Leg, just méi erwuessen, méi conscient.
Weider Highlights sinn dat heftegt a feministescht „Catch These Fists“, dem draamähnlechen an elliptesche „Pond Song“ an den hook-geluedenen, emotionale Closer „U and Me at Home“. Besonnesch dës zwee Lescht si kloer Evolutiounsstufe fir d'Band, Lidder, wéi een sech se um Debut nach net hätt kéinte virstellen. Am ganzen Album schéngt d'Band sech ze froen: wéi vill vun eis selwer verstoppe mir am Fong hannert eise Witzer - a wéi vill dovun ass den éierlechsten Deel?
Den iwwerraschende Kuss op de Bak
Musekalesch dréckt Moisturizer Wet Leg iwwer d'Grenze vum Indie-Rock eraus a bitt och vill Elektronesches. Et gëtt méi Synth, méi Textur an ee méi groussen dynamesche Beräich. Mee wat alles zesummenhält, ass ëmmer nach hir onmëssverständlech Stëmm, déi mol genervt d’Ae rullt, mol e Libesbréif liest.
Moisturizer ass genee wéi den Debut eng selbstbewosst a clever Plack. Emotional iwwerraschend sinn d’Rëss, déi an der Band hirem blénkegen Humor opdauchen, a Blécker op déi réi Emotioun hannendran erlaben. Den Album léisst de komesche Charme vu Wet Leg intakt, mee füügt nei Déift a Schéinheet bäi.
Recommandéiert fir Fans vu Smartem Pop, chaotesche Gefiller an dem einsamen danzen an der Kichen. Wann den Debut engem ee A zougedréckt huet, dann ass dësen ee Kuss op de Bak - ëmmer nach ironesch, mee och spontan an éierlech.