arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Woch vun de Suen: Kanner léiere spueren

Educatioun

|
reading time

3 min

headphones

5 min

play_arrow

Woch vun de Suen: Kanner léiere spueren

Wéi ee responsabel mat Suen ëmgeet léieren dëser Deeg ronn 1.000 Grondschoulkanner uechter d’Land bei der "Woch vun de Suen"- eng Initiative vun der Bankevereenegung (ABBL) an dem Bildungsministère.

reading time

3 min

headphones

5 min

play_arrow
Cycle 4.1 Conter | © Diane Lecorsais
Cycle 4.1 Conter (Foto: Diane Lecorsais)

Och Kanner wëssen, Sue wuessen net op de Beem a si méi séier ausgi wéi verdéngt. Dacks muss ee seng Suen ausgi fir Rechnungen ze bezuelen oder fir sech Liewensmëttel ze kafen. Wann een duerno nach Suen iwwereg huet, kann ee se ausgi fir eppes, wat ee wëllt – och wann een et net onbedéngt brauch.

Ënnerscheed tëschent Wonsch a Besoin

Gespaant kucken d’Kanner aus dem Cycle 4.1 an der Grondschoul vu Conter op den Tablet an hiren Hänn. Si spille grad “Money Odyssey” – e pädagogescht Spill, wat d’Fondatioun ABBL entwéckelt huet a Kanner vun 10 Joer un dobäi hëllefe soll, Suen an den Ëmgang domat besser ze verstoen.

Virdrun hunn d’Kanner aus der Julie Schintgen hirer Klass schonn eng ganz Rëtsch Saachen iwwer Suen erkläert kritt, an dobäi esou munches geléiert.

“Et gi Saachen, déi ee muss hunn, wéi Iessen, Kleeder oder sou. An et gi Saachen, déi Wënsch sinn, an dat ass e groussen Ënnerscheed (...).”

Et ass net déi éischte Kéier, datt d’Enseignante Julie Schintgen hir Klass ugemellt huet, fir bei dëser Aktioun matzemaachen. Hir gefält dobäi, datt d’Kanner op eng originell Aart a Weis léieren, op wat ee beim Suen ausgi muss oppassen.

Fir wat hir Elteren alles Suen ausgi mussen, hätt dobäi esou muncher een iwwerrascht.

“Ma si hu ganz vill geléiert iwwer wéi si Sue spuere kënnen, datt Spueren iwwerhaapt wichteg ass, datt et en Ënnerscheed tëschent de Bedierfnisser an de Wënsch ginn, datt ee sech zwar emol Wënsch kann erfëllen, mee datt et awer och wichteg ass, datt ee fir d'éischt Sue fir d'Bedierfnisser ausgëtt an duerno eebe mat deem, wat iwwereg bleift, dann och ka Wënsch erfëllen.”

Verantwortungsvollen Ëmgang vu Klengem un

A genee dat ass och d’Zil vun der Woch vun de Suen, wéi de Jerry Grbic, CEO vun der ABBL, erkläert. Et wier wichteg, d’Kanner un d’Theema Geld erunzeféieren an hinnen e verantwortungsvollen Ëmgang mat Suen ze vermëttelen – besonnesch zu dësem Zäitpunkt.

“Mir mengen, datt an dësem Alter, hei elo am Cycle 4, kommen d'Kanner an den Alter, wou si méi selbstänneg ginn, si gi geschwënn an de Lycée, dat heescht si hunn dann héchstwarscheinlech Täschegeld a si mussen da selwer decidéieren, wéi vill ginn ech ewech fir ze iessen, wat halen ech villäicht fir mat de Frënn eppes ze ënnerhuelen an esou weider an esou fort.”

Och déi verschidde Méiglechkeeten, Suen ze spueren, waren op dësem Moien an der Conterner Grondschoul deemno e wichtegt Theema.

Wien awer elo mengt, d’Kanner am Alter vun zéng bis eelef Joer hätten demesuréiert Wënsch, deen iert sech. Op Nofro äntwerten d’Kanner aus dem Cycle 4.1 zu Conter nämlech ganz bescheiden.

“Ech géif Saache kafen, déi ech och wierklech brauch. / Also ech spueren einfach fir wann ech méi al sinn. / Ech géif Saache kafen, mat deenen ech frou sinn.”

D’App “Money Odyssey”, e pädagogescht Spill, entwéckelt vun der Fondation ABBL, fënnt een iwweregens am Appstore.

play_arrow Lauschteren