Wann esouguer déi Leit, déi d'Kënschtlech Intelligenze mat entwéckelen, scho géife warnen, da wier et un der Zäit d'KI ze reguléieren.
"Et kann net sinn, datt Dir haut gratis op mat Ärem Handy kënnt e Video fälschen, falsch Saache bei engem an de Mond setzen, dat diffuséieren an et geschitt Iech näischt. Virun allem, wann een elo gesäit, wéi wäit dat och a Wale benotzt gëtt, ass et héich Zäit, datt d'EU op deen dote Punkt och d'Initiativen ënnerhëlt."
Appell fir Walen a Palästina
De Xavier Bettel huet och kritiséiert, datt déi palästinensesch Autoritéit d’Parlamentswalen ëm ee Joer no hanne verréckelt hunn. Dat wier inakzeptabel, sot de Lëtzebuerger Diplomatiechef, an dofir dësen Appell.
"Lëtzebuerg ass och bereet un enger EU-Walbeobachtungsmissioun a Palästina ze participéieren. Déi palästinensesch parlamentaresch Wale mussen an noer Zukunft ofgehale ginn."
Beonrouegt weist de Xavier Bettel sech iwwer d’Situatioun a Westjordanland, an iwwer d’Expansioun vun der Siidlungspolitik vun Israel. Dat géif eng Zweestaateléisung, wéi hie sech se wënscht, de Facto onméiglech maachen.
E Problem fir d'Weltwirtschaft
Trotz den Tensioune géifen d’Relatioune mat den USA wichteg bleiwen, esouwuel als NATO-Member wéi och als Handelspartner.
Zum Konflikt tëschent den USA an dem Iran bleift d’Blockad vun der Mieresstrooss vun Hormus ee Problem fir Weltwirtschaft, betount den Xavier Bettel.
"Well d'Stéierunge vun dëse Passagen hunn direkt Auswierkungen op d'Energie-, Dünger-a Liewensmëttelpräisser och fir d'Lëtzebuerger Konsumenten a Betriber."
Iran hat kee Mandat
Wann hien an internationale Reunioune sëtzt, géif dacks driwwer geschwat ginn, datt den Iran sech net un dat maritimt Recht hält.
"Ech wëll just drun erënneren, datt d'Attacken op den Iran och kee Mandat haten."
De Xavier Bettel huet iwwerdeems fonnt, den Donald Trump an de Wladimir Putin sollte fir Fridden an der Ukrain suerge wa si Walen do fuerderen.
"Dat heescht, wann den Här Trump, wann den Här Putin mengen, et wier elo Zäit, fir Walen an der Ukrain ze organiséieren, hu si et an der Hand, fir Waffestëllstand ze hunn an och Walen ze organiséieren. Mir solle keng Argumenter huelen, déi se selwer mat hiren eegene Bomme futti maachen."
Donieft wëllt Lëtzebuerg säin diplomatescht Reseau ausbauen, ënner anerem mat neien Ambassaden a Kenia an a Südafrika. Och d'Grenzkontrollen an Europa huet de Xavier Bettel kritiséiert a sech fir e staarke Schengeraum ausgeschwat.