Radioen

On air

De Weekend  |  Bert Goergen - DT Esch Abol

play_arrow Live
search

/ Den Zentrum fir urban Gerechtegkeet krut viru Geriicht Recht

Wéinst net konformen Zebrasträifen an der Stad

Den Zentrum fir urban Gerechtegkeet krut viru Geriicht Recht

Den “Zentrum fir urban Gerechtegkeet”, kuerz ZUG, ass “immens zefridde mam Urteel”, de Méindeg, vum Verwaltungsgeriicht. An der Suite vum Prozess géint d’Stad huet den Tribunal administratif der Gemeng jo ordonéiert, essentiel Informatiounen iwwert d’Sécherheet vu Foussgänger public ze maachen.

auto_stories

2 min

Viru ronn 3 Joer hat den “Zentrum fir urban Gerechtegkeet” d’Conformitéit vu 475 Zebrasträifen an der Haaptstad a Fro gestallt. D’Stater Gemeng hat doropshin zouginn, datt der 37 net reegelkonform wieren. Hir Analys dozou wollt d’Stad awer net erausginn.

Am Urteel stéing ganz kloer, datt d’Stad domat hir Kompetenzen iwwerschratt hätt, sot den Thorben Grosser vun ZUG de Moien. An ouni datt een dat u sech wollt, stéinge Saachen an deem Urteel, déi ganz wichteg fir d’Zivilgesellschaft wieren.

"Do hu mer quasi versehentlech e Grondsazuerteel erbäigefouert."

Zoufällegt Grondsazurteel

Den Thorben Grosser gesäit mat deem Urteel nämlech d’Rechter vun Organisatiounen an Transparenzrechter gestäerkt, mee net nëmmen.

"Eng Saach, déi eis besonnesch opgefall ass, ass, dass do och nach eng Kéier iwwert déi Seancen am Huis clos vu Gemengeréit geschwat gëtt. An datt do kloer gesot gëtt: ‚Dat Eenzegt, wat dat u sech heescht, ass, dass an deene Séancen d’Dieren zou sinn.‘ Dat heescht awer nach laang net, datt bei deenen zouene Seancen doraus e Recht entsteet vu Verwaltungen, fir net ze kommunizéieren, wat an deene Seancë gesot gëtt."

D’Ëffentlechkeet hätt also e Recht drop, fir gewuer ze ginn, wat an enger Séance à huis clos geschitt, sou de Vertrieder vum "Zentrum fir urban Gerechtegkeet". Dee sech net sécher ass, ob d’Stad géint dëst éischt Urteel an Appell geet. Wa jo, da géif et hir net méi ëm d’Zebrasträife goen "mee carrément ëm d’Behënnere vun der öffentlecher Transparenz".

D'Sécherheet vun den Zebrasträife bleift aktuell

Mee wann d’Gemeng souwäit gaange wier, hätt se vläicht och wëlles, de Wee bis zum Schluss ze goen. Dobäi stéing d’Fro iwwert d’Sécherheet vun den Zebrasträifen nach ëmmer am Raum.

"Mir hunn awer och scho gesinn - dat kann natierlech Zoufall sinn - datt ëmmer méi Zebrasträifen an der Stad awer konform ginn. Dat kann natierlech Zoufall sinn an näischt mat näischt ze dinn hunn."

Et wier een e bëssen onfräiwëlleg an där zivilgesellschaftlecher Roll gelant, betount den Thorben Grosser vun ZUG. Deen nach fënnt, datt dat, wat am Urteel steet, ganz beandrockend wier an déi gutt Aarbecht vu Geriichter a Justiz beweise géif.

Lauschterenplay_arrow